Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "De Bëllegsten ass nach ëmmer vir"

Bausecteur

"De Bëllegsten ass nach ëmmer vir"

Am Bausecteur géif et vill Präisdumping ginn, kritiséiert de Roland Kuhn. De President vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen fuerdert besser Kontrolle vun der ITM. Et wier wichteg, eng "korrekt Pai" ze bezuelen.

auto_stories

3 min

headphones

17 min

play_arrow
Roland Kuhn, President vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen

Déi aktuell Legislatioun iwwert d'Landesplanung géif aktuell keng juristesch Sécherheet bidden, seet de Roland Kuhn. Déi sektoriell Pläng wäerten eréischt ënnert der nächster Regierung rechtskräfteg ginn. De President vun de Lëtzebuerger Bauentreprisë kritiséiert, datt et net genuch Kontrolle ginn op de Chantieren.

Loun- a Präisdumping am Bausecteur

Bei de Lëtzebuerger Entreprisë géifen déi meeschten Aarbechter aus Portugal kommen. Bei grousse Projete géif et awer vill Konkurrenz vu Baufirmaen, déi Leit aus Ost-Europa géifen astellen. Déi géifen dann och dacks manner gutt bezuelt gi wéi d'Lëtzebuerger Salariéen. D'Patronat fuerdert dowéinst besser Loun-Kontrolle vun der ITM. Et misst eng nei Unitéit mat 40-60 Leit geschaaft ginn, fir déi Kontrollen ze maachen, sou nach de Roland Kuhn.

De Roland Kuhn huet d'Praxis beschriwwe vu Firmen, déi hannert der Grenz Aarbechter logéieren, déi, fir Wunnen an Iessen, dee Mindestloun erëm ofgeholl kréien, dee se eventuell zu Lëtzebuerg verdéngen. Dat wäre Leit, déi deels vu ganz weit hierkommen. Déi Responsabel dovu misste poursuivéiert ginn, esou de Roland Kuhn. Zu der eegener Lounpolitik mengt hien:

"Wann dir déck gefëllte Commandëbicher hutt, dann heescht dat net automatesch, datt dir déck Beneficer maacht. Ech mengen dee Bëllegsten ass nach ëmmer vir. De Bëllegste gëtt nach ëmmer geholl. An do bleift heiansdo näischt ze verdeelen."

Fir de President vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen ass et wichteg, datt d'Aarbechter op laang Dauer eng korrekt Pai kréien. Et hätt een nëmmen dann eppes dovun, wann déi eege Leit gäre géife schaffe kommen. Et géif ee sech hei oppe fir den Dialog weisen.

Am Summer eng Stonn méi laang schaffen

Aktuell géif quasi op kengem Chantier geschafft ginn. Dofir wär et ze kal. De Patron géif mat senger Entreprise decidéieren, wéini e Baustopp ass. "Reng theoretesch wat d'Material ugeet, däerf een net ënner fënnef Grad schaffen. Mir kucken ëmmer de Maximum ze schafe fir eis Leit, mir mussen awer kucken, datt eis Leit a Sécherheet schaffen a gesond kënne schaffen". An der Praxis géif bis null Grad op de Chantiere geschafft ginn, esou de Roland Kuhn.

Ënnert anerem dofir ass eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten am Bausecteur den Ament och Punkt an den Diskussiounen iwwert deen neie Kollektivvertrag am Bausecteur. Déi Verhandlunge sinn ugespaant. D'Patronat fuerdert, datt a verschiddene Periode méi op de Schantercher kéint geschafft ginn. Eng Propos, déi bei de Gewerkschaften ëmstridden ass. De Roland Kuhn mengt, datt een an de gudde Méint, wou et méi waarm a méi laang hell ass, méi sollt schaffen. Rieds wier hei vun enger Stonn den Dag. Et wier ni d'Diskussioun gewiescht, fir 12 Stonnen den Dag ze schaffen, esou de President vun de Lëtzebuerger Bauentreprisen. Et wier wichteg, datt fir Sécherheet um Bau gesuergt ass.

Deponien: eng Kichen op den Tipp

Den Dag géingen 20.000 Tonne Buedem ufalen, dee Buedem misst enzwousch hin, seet de Roland Kuhn. Zu Lëtzebuerg ginn et just véier Buedem-Deponien, mä dat géing net duer goen:

"Momentan gëtt eng Decharge no där anerer zou. Et gëtt vill gebaut am Land, iergendwou muss dee Buedem jo hi kommen. Mir schwätzen hei net vun Dréck, mir schwätze vu ganz normalem gudde Lëtzebuerger Buedem. Et kann net sinn, datt mir mussen Tourismus maachen an de Norde vum Land. Dat generéiert nach vill méi Camionen, fir dee Buedem ofzetippen. Fir d'Leit dobaussen ass dat e richtege Käschtepunkt. En normaalt Eefamilljenhaus kascht haut 10.000 Euro méi, nëmme wéinst dem Terrassement. Dat ass eng Kichen. Dat heescht d'Kiche geet am Fong op d'Decharge."