Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Datespäicherung: Projet de loi deemnächst am Regierungsrot

Daten

Datespäicherung: Projet de loi deemnächst am Regierungsrot

D'Gesetz iwwer Datespäicherung zu Lëtzebuerg ass net konform mam EU-Recht, seet d'Sam Tanson. Zanter méi wéi engem Joer géif een un engem deementspriechende Projet de loi schaffen, esou d'Justizministesch.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Dëse Projet de Loi vum Justizministère, dee mat alle concernéierten Acteuren ausgeschafft gouf, wier och scho ganz wäit fortgeschratt, esou d'Sam Tanson.

Den Europäesche Geriichtshaff huet festgehalen, datt déi däitsch Reegelung iwwer déi sougenannte "Vorratsdatespeicherung" géint europäescht Recht verstéisst. Ee generellt Späichere vun Donnéeën, wéi Telefonsnummeren oder Geolokalisatiounsdate, wier gesetzlech net méiglech.

Eng zousätzlech Jurisprudenz

D'Sam Tanson seet sech frou iwwer dës zousätzlech Jurisprudenz, déi géif sech aschreiwen an eng Rei vu Virgängerdecisiounen. De Kader géif sou ëmmer méi preziséiert ginn.

D'Justizministesch erkläert am 100,7-Interview, datt et awer eng Rei Ausname gëtt, wéi beispillsweis fir de Geheimdéngscht oder am Fall vun enger Criminalité grave a bei der Preventioun vu grave Menacë géint déi ëffentlech Sécherheet.

An dëse Fäll soll dann eng "cibléiert Conservatioun" méiglech sinn. All déi Krittäre wieren an d'Ausschaffe vum neie Gesetzesprojet mat agefloss.

Keng europäesch, dofir national Léisung

D'Sam Tanson selwer hätt hei ëmmer op eng europäesch Léisung gehofft: jiddwer Land hätt dann nämlech déi selwecht Reegelen, dat géif dann och d'Koordinatioun tëschent den eenzele Länner méi einfach maachen.

Da géif ee genee wëssen, wat déi spezifesch Krittäre sinn, an et hätt ee sech dann nach besser kënnen ofstëmmen an ofséchere vis-à-vis zu de Jurisprudenze virum Europäesche Geriichtshaff.

Vu datt esou eng europäescher Léisung awer net en Vue gewiescht wier, hätt een d'Decisioun geholl fir op de Wee ze goen e Lëtzebuerger Gesetzestext op den Instanzewee ze bréngen, esou d'Justizministesch.

Zil wier et, dëse Projet de Loi an de nächste Wochen dann och an de Regierungsrot ze bréngen.