Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Epi (feat. Ómar Guðjónsson)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kollektiv géint Facebook kloen

Dateschutz

Kollektiv géint Facebook kloen

An der EU kënnen d'Bierger sech vum 25. Mee un zesumme géint Dateschutzverstéiss wieren. Mee dat neit Dateschutzreglement huet och Schwaachpunkten, seet den Droits-Professer Herwig Hofmann.

auto_stories

2 min

Dat soziaalt Netzwierk Facebook muss mat enger kollektiver Plainte vun EU-Bierger rechnen, wann dat neit europäescht Dateschutzreglement a Kraaft trëtt. Dat huet den Herwig Hofmann ugedeit. Den Droits-Professer vun der Uni Lëtzebuerg ass ee vun den Affekote vum éisträicheschen Dateschutzaktivist Max Schrems, deem seng verschidde Plaintë géint Facebook elo fir d'drëtte Kéier bis virun den Europäesche Geriichtshaff kommen.

Rechter net just fir Idealisten

Dem Max Schrems säi Versuch am Numm vu 25.000 Leit Schuedensersatz vu Facebook anzekloe war am Januar vun den europäesche Riichter gestoppt ginn. Den Aktivist huet an Tëschenzäit awer eng Organisatioun gegrënnt, fir déi nei Méiglechkeet vun engem kollektive Recours wéinst Dateschutz-Verstéiss ze notzen.

Bis elo huet all Verbraucher eenzel misse kloen, wat wéinst den "astronomesche Prozesskäschte" just "Idealisten" gemaach hätten, esou den Herwig Hofmann.

Schwaachpunkte vum Dateschutzreglement

Den Herwig Hofmann gesäit eng Rei Punkten, op deenen den europäeschen Dateschutz nach misst verbessert ginn:

  • D'Konzept, datt d'Internetnotzer hiren Accord zur Datennotzung ginn, wier als Method net ideal. Meeschtens wieren d'Conditioune vill ze komplizéiert an et hätt een dacks keen anere Choix wéi zouzestëmmen. Eng Alternativ wier, datt verschidde Praktiken (wéi Profiller vun den Internetnotzer erstellen) einfach verbuede ginn. Den Herwig Hofmann mécht hei de Verglach mat de Verkéiersregelen: Jiddereen hätt d'Recht säin Haus ze verloossen ouni mussen d'Angscht ze hunn iwwerrannt ze ginn. D'selwecht misst all Internetnotzer kënnen erwaarden, datt et Regele ginn, déi hien an der digitaler Welt schützen.
  • D'Reglement bezitt sech just op privat Entreprisen an net op d'Police oder d'Geheimdéngschter an de Memberstaaten. Dës Acteure géifen dacks massiv Donnéeën am Internet sammelen an Entreprisë forcéieren, d'Donnéeë vun den Notzer erauszeréckelen.
  • Déi national Dateschutzautoritéite bleiwe fir d'Kontroll zoustänneg, wat d'Duerchsetzung vum Recht a ville Fäll géif méi komplizéiert mécht. Iwwerdeems géif de Risiko bestoen, datt Récksiicht op wirtschaftlech Standuertinteressie geholl ginn. Amplaz wier et besser, wa fir grenziwwerschreidend Fäll eng europäesch Dateschutzagence zoustänneg wier.

Skepsis géigeniwwer Facebook

D'Donnéeë vu geschate 87 Millioune Facebook-Notzer solle vun der Beroderfirma Cambridge Analytica fir Wahlkampfzwecker an den USA mëssbraucht gi sinn. De Facebook-CEO Mark Zuckerberg huet sech dofir entschëllegt.

Dat wier "gutt ze héieren", esou den Herwig Hofmann. Mee et wier egal, wat de Mark Zuckerberg seet, soulaang hien anescht handelt. Hei wiere méi streng Regelen néideg, och well Facebook mëttlerweil eng wichteg Roll fir d'Meenungsbildung spillt.

Ënner dem neien EU-Dateschutzreglement wier ee Fall wéi dee vu Cambridge Analytica héchstwahrscheinlech illegal, sou datt Facebook mat enger héijer Geldstrof hätt misse rechnen, esou d'Aschätzung vum Jurist.