Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Datenzenter: Google kéint Projet nom Summer virstellen

Google-Datenzenter

Datenzenter: Google kéint Projet nom Summer virstellen

Google huet bis haut nach net offiziell annoncéiert, datt den Internetkonzern op sengem Terrain zu Biissen wäert bauen. Eng Task force, zesummegesat aus engem interministerielle Grupp an der Gemeng, géif awer schonn um Projet schaffen, seet de Buergermeeschter vu Biissen.

auto_stories

1 min

All déi betraffen Acteure géife sech an engem Intervall vu fënnef bis sechs Woche gesinn, sou de Jos Schummer. Dat kann den Inneministère sinn, d'Naturverwaltung, de MDDI, d'SEBES, d'Waasserwirtschaftsamt, Ponts et Chaussées, der Creos a Google selwer, déi Leader vum Projet sinn, seet de Buergermeeschter vu Biissen. "Dat kënnen eng Kéier sechs Leit sinn, eng Kéier zéng. An déi schwätze reegelméisseg."

Enn 2019 kéinten déi kommunal Prozeduren all ofgeschloss sinn, mengt de Jos Schummer. A véier bis fënnef Méint kéint den zweete Vott vum PAG duerchsinn. Google géif säi Projet dee Moment méi konkret virstellen.

Den Donneschdeg hat Google annoncéiert fir zu Charleroi en Datenzenter ze bauen. Dat géif de Lëtzebuerger Projet awer net a Fro stellen. "Et sinn héchstens mir Lëtzebuerger, déi Projeten a Fro stellen", seet de Jos Schummer. Google géif all Joer eng Rei Datenzentere bauen an "Do wou se kënne bauen, fänken si u mat bauen. Wa mir nach zéng Joer iwwer Dommheete streiden, jo an deenen zéng Joer bauen si näischt".

D'Waasser, dat benotzt soll gi fir d'Computeren am Datenzenter ze killen, soll aus der Uelzecht geholl ginn, fir Noutfäll soll zousätzlech eng Drénkwaasserleitung vun der SEBES geluecht ginn.