Dateschutz Datebanke bei Police a Justiz: Nobesserunge bis nächste Summer
D'Gesetz iwwer d'Datebanke bei Police a Justiz soll bis den nächste Summer nogebessert ginn, seet de François Bausch. De Minister fir bannenzeg Sécherheet seet, am Moment wier nach net kloer wéi eng Adaptatiounen néideg sinn. Bis Enn des Joers soll awer a groussen Zich bekannt sinn, wat muss geännert ginn. D'Zil wier, datt spéitstens am Summer d'nächst Joer entspriechend Texter virleien, sou de François Bausch. Hie seet, dat wier e "realisteschen Delai".
D'Gesetz iwwer d'Datebanken bei Police a Justiz muss nogebessert ginn, sou de Minister fir bannenzeg Sécherheet. De François Bausch seet, datt déi entspriechend Texter bis den nächste Summer solle virleien.
Séier, mee ouni ze iwwerstierzen. Dat ass d'Manéier, mat där de grénge Minister an dësem Dossier wëllt virgoen. Bis d'Chrëschtvakanz sollen déi grouss Linne stoen, seet de Minister, dat wier e "realisteschen" Delai.
"An da solle mir a Rou kucken, datt mir awer bis den nächste Summer alles a Gesetzer gepaakt hunn, deposéiert hunn, oder Reglement Grand-Ducauxe bei de Staatsrot ginn hunn. Dat ass d'Zilsetzung."
Wat genee muss nogebessert ginn, ass am Moment nach net kloer. Éischt Indikatiounen doriwwer kéinten zwee Rapporte liwweren, déi Enn Oktober solle virleien. Deen ee gëtt vun der Dateschutz Kommissioun ausgeschafft, an deen anere vun der IGP, dem Kontrollorgan vun der Police.
Adaptatiounen an dräi Beräicher
De Minister nennt awer elo schonn dräi Beräicher, an deenen Adaptatiounen néideg sinn. Éischtens misst méi genee definéiert ginn, wéi d'Datebanke vun de Mataarbechter bei Police a Justiz definéiert ginn.
"An dat zweet, dat sinn natierlech d'Delaien: Wéi laang hale mir wat. Datt mir eis musse gutt iwwerleeën, wéi eng Vergehe mir wéi vill Joer dran halen."
Drëttens missten dës néi Bestëmmungen och mat de Reegele bei der Justiz ofgestëmmt ginn. Wéinst der Krankheet vum Félix Braz ass d'Sam Tanson jo fir dëse Beräich zoustänneg. De François Bausch geet awer net dovun aus, datt et duerch dëse Wiessel zu Verzögerunge kënnt. Hie seet, d'Sam Tanson hätt eng gutt juristesch Grondausbildung a kéint sech dofir bannen zwou bis dräi Wochen an d'Matière aschaffen.