Google Datazenter: CSV fuerdert den MoU bis spéitstens de Freideg

An der Chamber huet d'CSV de Moien Drock gemaach fir de prinzipiellen Accord tëschent Regierung a Google fir de Bau vun engem Datazenter zu Biissen ze kréien. D'Oppositiounspartei hätt de Memorandum of Understanding gär bis e Freideg, esou d'Fuerderung no enger Kommissiounssitzung. Och an der Majoritéit ginn et Stëmmen, déi sech dofir ausschwätzen.

Jean-Claude Franck / cz

Google
Foto: Archiv

De Bäitrag vum Jean-Claude Franck lauschteren


Och de grénge Majoritéitsdeputéierte François Benoy ass der Meenung, datt d'Chamber de Memorandum of Understanding muss kréien. De sozialistesche Wirtschaftsminister Franz Fayot hätt de Moien awer net gesot, datt d'Chamber en net kritt. Et misst een nach kucken, ob een dat am huis clos misst maachen "mee op alle Fall mussen d'Deputéiert d'Dokument ze gesi kréien".

Et ass net akzeptabel wann d'Chamber deen MoU net kritt, esou den Oppositiounsdeputéierte Claude Wiseler. "D'Chamber ass kee Kasperltheater. D'Chamber soll behandelt ginn, wéi et sech gehéiert. Mir sinn e Kontrollorgan vun der Regierung. Mir hunn e Recht drop déi Dokumenter ze kréien", esou den CSV-Deputéierten.

CSV mécht Drock

De Freideg nom Regierungsrot hätt d'CSV dee MoU gär, esou de Claude Wiseler. D'Oppositiounspartei huet beim neie sozialistesche Wirtschaftsminister Franz Fayot awer deelweis eng aner Approche festgestallt, wéi bei sengem Virgänger Etienne Schneider. Beim Projet vun der Jughurtsfabrick vu Fage zu Beetebuerg hat den Etienne Schneider staatlech Industrieterrainen un de griichesche Konzern verkaaft. De Claude Wiseler war de Moie frou, "datt ech den neie Minister héieren hu soen, datt et senger Meenung no kloer wier, datt keen Terrain vum Staat sollt verkaaft ginn, well Industrieterrain e preziööst Gutt hei zu Lëtzebuerg ass."

Aktuelle Wirtschaftsminister schéngt eng aner Approche ze hunn

Och de François Benoy als President vun der Ëmweltkommissioun huet den Androck, datt de Franz Fayot sech am Dossier Fage anescht positionéiert wéi den Etienne Schneider. Et géif ee mierken, datt de Wirtschaftsminister d'Prozedure wëllt lafe loossen an net "mordicus" géif soen, datt de Projet "à tout prix" misst ëmgesat ginn.

A den zwee Dossiere Google a Fage lafen d'Prozeduren nach. Wéinst dem héije Ressourcëverbrauch vun de Projete ginn et kritesch Stëmmen am Parlament.

Méi zum Thema

Dan Hientgen, Denise Fischer
Google Datenzenter

D'Biisser Biergerinitiative gesinn de geplangten Datenzenter vu Google weiderhi kritesch: Op der Informatiounsversammlung wier een "net vill Neies" iwwer de Projet gewuer ginn, esou d'Denise Fischer.

Google zu Mountain View, USA
Dossier

Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

AKT

D'ENPA wier solidaresch mat de franséischen Editeuren an hirer Demarche géint Google. Dat seet de President vun der Associatioun vun den Zeitungsediteuren.

Gemgenrot Biissen
Biissen

Den Terrain zu Biissen, dee Google kaf huet, kann als Zone spéciale ëmklasséiert ginn. De Gemengerot huet an engem zweete Vott mat 4 zu 2 dëser Ëmklasséierung zougestëmmt. D'Oppositioun huet sech enthalen.

Jos Schummer
Google-Datenzenter

Momentan schafft eng Task force um Projet Google-Datenzenter, seet de Buergermeeschter vu Biissen. A véier bis fënnef Méint kéint de PAG gestëmmt sinn. Google géif säi Projet da méi genee virstellen, sou de Jos Schummer.

google.jpg
Data Center

Domat soll d'Fläch vu ronn 35 Hektar, als "zone spéciale Data Zenter" klasséiert ginn. Deemno dierft just een Data Zenter sech do nidderloossen. Kritik gouf et, well eng Partie Froen nach op stinn.

Google
Datenzenter

De Gemengerot zu Bissen wëllt nach am November iwwer d'Ëmklasséierung vum Terrain, op deem Google sech wëll nidderloossen ofstëmmen. Dat seet de Buergermeeschter vu Bissen op Nofro hin.

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen