Radioen

On air

Notturno  |  Little Tybee - Lost In The Field

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat war d'Iddi virun dëser véierter Well"

Corona-Pandemie

"Dat war d'Iddi virun dëser véierter Well"

Och wann den Impftaux klëmmt, kënnen déi sanitär Covid-Restriktioune bis op Weideres net opgehuewe ginn. Dovunner geet den Direkter vun der Santé, Jean-Claude Schmit, aus.

auto_stories

2 min

Den integralen Interview mam Jean-Claude Schmitplay_arrow


Dänemark wier, anescht wéi erhofft, kee gutt Virbild, esou de Santés-Direkter: Déi dänesch Regierung hat déi sanitär Restriktiounen Uganks September all opgehuewen - mee trotz dem héijen Impftaux bei den Däne wieren d'Inzidenzwäerter do elo ganz héich.

"Freedom Day" réischt am Fréijoer?

Hei am Land hat d'Regierung eng änlech Decisioun an Aussiicht gestallt, wann iwwer 80 Prozent vun de Leit iwwer 12 Joer geimpft sinn. "Dat war d'Iddi virun dëser véierter Well", seet dozou de Jean-Claude Schmit. Datt de "Freedom Day" net virum nächste Fréijoer kënnt, doriwwer wier et schwéier ze spekuléieren, "mee ech gesinn net, datt mir am Moment kënne weider Restriktiounen ewech loossen."

De Jean-Claude Schmit schléisst net aus, datt et, am Contraire zu neie Restriktioune kéint kommen. Ee ganz wichtege Krittär wier dobäi d'Situatioun an de Spideeler. An déi géif sech wéinst der Covid-Impfung den Ament däitlech besser presentéieren ewéi am Hierscht zejoert.

Keng exponentiell Hausse

D'Neiinfektioune mam Coronavirus klamme weider zu Lëtzebuerg: An hirem Bilan vum 4. November huet d'Santé 432 Neiinfektioune gemellt - souvill Fäll bannent engem Dag goufen zënter leschtem Dezember net méi gemellt.

Den Direkter vun der Santé nuancéiert déi héich Infektiounszuelen awer mam Verweis op een Nohueleffekt nom laange Feierdagsweekend. De Jean-Claude Schmit rechent zu dësem Zäitpunkt net mat enger exponentieller Hausse vun den Infektiounen. D'Inzidenz géif wuel éischter lues a lues klammen.