Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat sinn awer Décker! Wat ass déi er-Endung?

Kuriositéiten an der Lëtzebuerger Sprooch

Dat sinn awer Décker! Wat ass déi er-Endung?

An eiser Serie "Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch" geet et dës Kéier ëm d'er-Endung, déi eis d'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert.

auto_stories

4 min

Simon: Haut geet et nees ëm d'Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch an d'Linguistin Caroline Döhmer ass bei eis am Studio. Si schafft beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch an erzielt eis haut eppes iwwer Gudder a Schéiner. Kanns de eis méi dozou soen?

Caroline: Jo, ganz gär. Also ech hat jo schonn eng Kéier vum Partitiv geschwat. Dat si Konstruktiounen ewéi dës: mer hunn däers genuch. Oder: Et gi vill där klenger Betriber.

Dat war eppes mat Genitiv iergendwéi?

Historesch gesinn, sinn dat effektiv Genitiver a funktional weisen se Deel-vun-Bezéiungen un an och Onbestëmmtheet. Also bei engem Partitiv wéi "där klenger Betriber" mengen ech en onkonkreete Grupp vu Betriber, op déi d'Charakteristik "kleng" zoutrëfft. An am Saz wëll ech soen, datt et vill >vun< dëse gëtt, >vun< där Zort - déi Erklärunge mam "vun" weisen dann och, firwat et Partitiv heescht.

Déi er-Endung bei "klenger" nennen ech elo mol Partitiv-Endung. Zur Widderhuelung: "klenger" ass en Adjektiv, dat nieft engem Substantiv an enger partitiver Konstruktioun steet. An op där Plaz kënnt am Pluriel den "er": där schéiner Deeg.

Am Lëtzebuergesche fanne mer och Adjektiver, déi substantivéiert sinn, also souer, déi als Substantiv gebraucht ginn.

Kanns de eis do e Beispill ginn?

Also starte mer mol bei der Grondform vun engem Adjektiv: schlecht. Dat kann ech elo substantivéieren: Dat ass e Schlechten. A wann ech dat elo an de Pluriel setzen, dann hunn ech: ee Schlechten, zwee...?

Schlechter.

Richteg! An déi er-Endung, dat ass eng Partitiv-Endung. Déi fanne mer am Fong just am Pluriel bei den Adjektiven a Partitivkonstruktiounen. Ech verdäitlechen dat nach un engem weidere Beispill:

Stellt Iech en Eemer Kiischte vir, frësch gepléckt. An Dir kuckt Iech déi eenzel Exemplairen un. Da kënnt der de Bilan maachen: An? Wéi waren d'Kiischten? Et gouf Décker, Klenger, Schlechter, Zerdretschter, Grénger, Zeideger asw.

A firwat genee hunn se déi er-Endung?

Als éischt hunn ech am Kontext eng spezifesch Mass, hei: Kiischten. An op een Deel dovunner trëfft d'Valeur "déck" zou. Oder: kleng, schlecht, zerdretscht, gréng, zeideg. Also vum Grupp vun de Kiischte sinn et déi kleng oder déi déck an dofir mat der partitiver er-Endung am Pluriel: Klenger, Décker.

Virun esou engem substantivéierten Adjektiv wéi "Klenger" oder "Décker" kann dann och eng Moosseenheet oder en Zuelwuert stoen: dräi Klenger oder e puer Grénger oder vill Zeideger.

An dat klappt just bei Adjektiver?

Prinzipiell jo (et gëtt nach esou Spezialfäll wéi "souer", mee déi loossen ech lo mol op der Säit). Fir déi er-Endung muss meng Form vun engem Adjektiv ofstamen an et ass och wichteg, datt se onbestëmmt gebraucht ginn.

Wat mengs de domat?

Déi er-Endung kréien ech just, wann ech entweeder keen Artikel hunn (wéi bei "dat sinn awer Zeideger") oder wann ech en Zuelwuert oder en anere Quantitéitsbegrëff hunn (wéi bei "dräi/vill/e puer Klenger"). Beim bestëmmten Artikel (déi) fält den "er" ewech: déi Zeideg schmaache besonnesch gutt.

Oder kuck emol d'Partei mam Numm "déi Gréng". Och hei ass en Adjektiv als Substantiv gebraucht, mee well mer hei de bestëmmten Artikel hunn, kënnt keng er-Endung. Dat ass anescht, wann ech den Artikel duerch en Zuelwuert ersetzen: et sëtzen aacht Grénger am Gemengerot.

Du sos elo éinescht "Klenger", sou heesche jo och d'Beebeeë vun den Déieren?

Jo, ganz richteg. Et ginn och fest etabléiert Substantiver, déi ursprénglech vun engem Adjektiv ofgeleet sinn. An der Linguistik schwätze mer da vun "Lexikaliséierung". Mer fannen effektiv eng Rei substantivéiert Adjektiver, déi sech scho lexikaliséiert hunn. An am Pluriel kréien se dann ouni Artikel oder mat Zuelwuert déi partitiv er-Endung: een Erwuessenen, zwee Erwuessener; een Doudegen, zwee Doudeger (och hei speziell, datt d'Adjektiv am Fong net "doudeg" heescht); ee Klengen, zwee Klenger; ee Jugendlechen, zwee Jugendlecher asw.

Dat kann och deelweis zu Schwankungsfäll féieren, déi awer nach net ganz analyséiert sinn. Also ass et bei engem Dativ elo "hie schafft mat Jugendlechen" oder "hie schafft mat Jugendlecher". Hei fannen ech a mengen Donnéeën déi zwou Formen, mat enger liichter Preferenz fir d'Form "mat Jugendlechen", also mam erwaartbaren Dativ Pluriel. Mee do ass nach e bësse Recherche néideg.

Mir soen dir Merci fir deng Erklärungen. Dat war et dann haut mat eiser klenger Jubiläumsepisod a mir freeën eis d'nächst Woch op deng lescht Episod virun der Summerpaus.

Jo, ech loosse mer eppes Schéines afalen, fir Iech linguistesch duerch de Summer ze bréngen.