Radioen

On air

Al Schanken  |  Vaughan, Stevie Ray - Colt Shot

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dat neit Bëschgesetz kéint nach virum Enn vum Joer an der Chamber gestëmmt ginn

Lescht ligne droite

Dat neit Bëschgesetz kéint nach virum Enn vum Joer an der Chamber gestëmmt ginn

Dat neit Bëschgesetz kéint nach virum Enn vum Joer an der Chamber gestëmmt ginn. Dat sot de Rapporter vum Projet François Benoy den Dënschdeg am 100komma7-Interview. D'Ëmweltministesch Joëlle Welfring war gëschter an der zoustänneger Chamberkommissioun fir iwwert den Entworf ze diskutéieren, dee schonn zënter véier Joer an der Maach ass.

auto_stories

2 min

Et ass e Projet mat enger grousser Envergure. Dat neit Bëschgesetz soll eng ganz Rëtsch Gesetzestexter aus de leschte 400 Joer ersetzen. Et geet drëms en Equiliber ze fannen, tëscht all de Funktiounen déi de Bësch huet, seet de Rapporter a President vun der Chamber Ëmweltkommissioun François Benoy.

Et wier ee mat enger ganzer Rei Erausfuerderunge konfrontéiert. D'Populatioun wéilt d'Bëscher notzen, et géif ekonomesch Interêten un de Bëscher ginn an anerersäit misst och d'Klima an d'Biodiverstitéit geschützt ginn.

Laang gefuerdert Ännerunge solle Realitéit ginn

Virun allem géif dat neit Gesetz Kloerheet schafen. Zum Beispill doriwwer, wéi vill Holz d'Besëtzer wéini aus dem Bësch dierfen eraus huelen, wéi eng Mesure si treffe mussen, fir de Bësch méi resilient géintiwwer dem Klimawandel ze maachen, oder wéi eng Rechter a Flichten d'Visiteuren am Bësch hunn. D'Weeër a Privatbëscher sollen zukünfteg fir jiddereen zougänglech ginn, dofir gëtt de Besëtzer awer aus der Verantwortung geholl, am Fall vun engem Accident, wa beispillsweis en Aascht eroffält an eng Persoun blesséiert. Ausser et kann e grave Feeler vum Proprietär nogewise ginn. De Michel Dostert vun der Asbl Lëtzebuerger Privatbësch, där hir 2.400 Membere ronn d'Hallschent vun der Surface vun de Privatbëscher hei am Land gehéiert, begréisst dës Ännerung.

"De facto ginn d'Leit souwisou kräiz a queesch iwwerall spadséieren an dat ass net méi ze kontrolléieren hautdesdaags a mir soen och de Leit net, si sollen net an d'Bëscher goen, et soll een sech an der Natur erhuelen a vun der Schéinheet vun eise Bëscher profitéieren."

Spéitstens Ufank 2023 soll d'Gesetz gestëmmt ginn

2018 gouf den Avant-projet de loi fir dat neit Bëschgesetz deposéiert, elo wier een op der leschter ligne droite, sou nach de François Benoy. Den Ament géif um zweeten Avis vum Staatsrot geschafft ginn, a mat e bësse Gléck kéint et nach dëst, spéitstens awer um Ufank vum nächste Joer gestëmmt ginn.