Educatioun Edukatiivt Personal: Voll Kraaft zeréck

Den Edukatiounsministère ruddert mat den Tâchë vum edukativen a psychosozialen Personal am Schoulsystem zeréck. Fënnef Gewerkschaften aus dem Secteur sinn alleguerten net d'accord mam Kader, deen hinne virlescht Woch virgeluecht gouf.

Michèle Sinner / cz

Schoul
Foto: Bigstock / monkeybusinessimages

D'Vertrieder vum Personal an de Centres de compétences - fréier Ediff a Logopédie - den Ekippe fir Schüler mat spezifesche Besoinen, déi am Fondamental intervenéieren an d'Personal am Secondaire an de SEPAS - fréier SPOS- an de Services socio-éducatifs fille sech vum Ministère net seriö geholl. Et géif keen Dialog mat de Gewerkschaften an de Personalvertrieder. D'Claudine Muller vum Spebs, dem Syndicat vum Personal, dat sech ëm Schüler mat spezifesche Besoine bekëmmert seet:

"Au contraire, mir haten alleguerten déi Gewerkschaften zesumme wärend dem Confinement e Bréif geschriwwen, e ganz feine Bréif, fir ze froen, fir de Sozialdialog erëm unzekuerbelen. Mir krute keng Äntwert, esou wéi mer op esou vill Bréiwer keng Äntwert kruten. D'selwecht wéi déi aner Gewerkschaften aus dem Enseignement och."

De Minister kruten d'Gewerkschaften net ze paken an den 13. Juni goufe se vum Ministère virun e Fait accompli gestallt.

Personalrepresentatioun gouf net consultéiert

Do kruten d'Gewerkschaften zweeërlee Kontraktsmodeller presentéiert. Entweder Kontrakter mat enger 40-Stonne-Woch an 32 Deeg congé, fir déi Leit, déi keng Schoul halen. Oder eng 44-Stonne-Woch iwwer déi een 18 zousätzlech Deeg Congé um Zäitspuerkont accumuléieren kéint an dann op 50 Deeg Congé kéim. Dobäi kommen eng Rei Contrainten, wéini Congé däerf oder muss geholl ginn, innerhalb oder ausserhalb vun de Schoulvakanzen. Respektiv doriwwer, ob d'Personal och wärend de Schoulvakanzen muss disponibel sinn.

D'Gewerkschafte sinn der Meenung, datt bei esou Ännerungen vun den Aarbechtskonditiounen d'Personalrepresentatioun muss consultéiert ginn. Dat wier an dësem Fall awer net geschitt, esou de Patrick Reef vun der Appass, der Associatioun, déi d'Personal vun de psycho-sozialen a schoulesche Begleedungsdéngschter.

De Moment gëtt et eng Hellewull ënnerschiddlech Kontrakter, well dat betraffent Personal virun der Kreatioun vun den neie Servicer an ënnerschiddleche Strukturen oder och fir d'Gemenge geschafft huet. De Mario Maia vum Syndicat vun den éducateur gradués seet. "Mir hu bis elo 16 "Modeller" fonnt vum Sozialpedagog."

D'Claudine Muller mengt, déi Situatioun wier zum Deel op en Oubli zeréckzeféieren.

"Et ass esou, datt mat deem neie Gesetz vun de Centres de compétences jo d'Gesetzer vun der Éducation différenciée a vum Centre de Logopédie abrogéiert gi sinn. An eiser Meenung no ass do verpasst ginn, fir fir eng Base légale ze suergen, fir d'Tâchë vun deem Personal."

Widderspréchlech Messagë vum Educatiounsministère

Datt schnellstméiglech géif legiferéiert ginn, hat den Educatiounsminister Claude Meisch awer Ufank lescht Joer a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Pirat Sven Clement esou ugekënnegt. Dat sollt, hat hien do geschriwwen, no Gespréicher mat de Gewerkschafte geschéien, fir ze klären, wat d'Tâchë wieren.

De Claude Meisch stoung net fir en Interview zur Verfügung. Den Direkter vun der Inclusioun am Educatiounsministère gëtt awer zou "datt dat deemools esou affirmativ gesot gouf. Am Nachhinein ass do awer decidéiert ginn, datt dat elo fir de Moment eiser Meenung no net néideg ass. Do ass dee Punkt, wou effektiv e Revirement ass."

Well ee sech einfach op de Statut vum Staatsbeamten an d'Reegelung vun den Zäitspuerkonte géif baséieren, wier kee Besoin do, esou de Laurent Dura. Hien ass net der Meenung, datt een d'Personalvertrieder oder doriwwer eraus d'Gewerkschaften hätt misse consultéieren, "well et jo keng Deliberatioun oder Diskussioun ronderëm ee Projet ass, deen elo nei soll kommen. Et war eng Prezisioun, virun allem huet deen Text sech jo och adresséiert un d'Direktiounen".

Sech bei der Police inspiréieren?

Domat sinn d'Gewerkschaften awer net d'accord. Si stellen net just d'Legalitéit vun den Notten, déi de Ministère ufanks des Mounts un d'Direktiounen geschéckt huet a Fro, well d'Personalvertriedung net gefrot gouf. Mee wéi de Mario Maia seet, well déi Tâchë mat enger Reegelaarbechtszäit vu 44 Stonnen géint de Code administrativ géif verstoussen. Do stéing dran, datt de Fonctionnaire net däerf d'office Iwwerstonne maachen. "Do si verschidde Krittären, déi dat effektiv erlaben. Mee et ass wärend enger kuerzer Zäit an net indéterminé."

De Laurent Dura seet, esou Kontrakter géifen et am Secteur och elo schonn. Och dat wier also näischt Neies. An deene 44 Stonne sinn 32 Stonnen Presenszäit bei de Schüler virgesinn, plus 12 Stonne fir d'Preparatioun an d'Koordinatioun mat de Kolleegen. Dat géif net ëmmer duergoen, mengen d'Gewerkschaften, wann nach eng Reunioun wier, en Elteregespréich an och fir d'Preparatioun fir d'Aarbecht mat de Schüler. Heiansdo wier et awer och ze vill. Dofir wier déi nei proposéiert Reegelung ze rigid a si géif esouwuel laascht d'Besoine vum Personal wéi laascht déi vun de Kanner goen.

De Patrick Reef mengt, datt ee sech fir Léisungen ze fanne kéint un anere Verwaltungen orientéieren. Beispillsweis bei der Police.

"Wou effektiv déi Amplitude de travail, wou een däerf schaffen op zwielef eropgesat ginn ass, wou och ebe gekuckt gëtt mat de Stonnen, déi op de Compte-Epargne Temps gesat ginn, datt dat iwwer eng Referenzperiod gekuckt gëtt an net einfach nëmmen op eng Woch."

An esou enger Woch däerf een nämlech net méi wéi aacht Stonnen uspueren. D'Personalvertrieder hunn offiziell gefuerdert, datt d'Notte mat de Propose fir déi harmoniséiert Definitioun vun den Tâchen zeréckgezu gëtt. Si mengen, datt se juristesch kee Bestand hunn, wéi d'Claudine Muller seet, "well de Minister net ënnerschriwwen huet".

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Michèle Sinner
Lauschteren

Méi zum Thema

Hëllef fir d'Schoul
Educatioun

D'ASTI bitt dës Summervakanz eng Online-Hëllef fir Schüler aus dem Cycle 1 un, fir se gutt op dat neit Schouljoer virzebereeden. Eng gratis Offer, déi awer just fir Kanner aus enger Stater Schoul gëllt.

Illustratioun Coronavirus a Schoul
Educatioun

Et ginn zu Lëtzebuerg just zwee Fäll vu Schüler, vun deenen net definitiv gewosst ass, ob si sech an der Schoul mam Coronavirus infizéiert hunn. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch de Moie virun der Press.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen