Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Poppy Ajudha - Watermelon Man (Under The Sun)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat bréngt méi Rechtssécherheet"

Etat d'urgence

"Dat bréngt méi Rechtssécherheet"

Den Etat d'urgence gëtt dem Land eng méi staark Rechtssécherheet. Dat seet den Alex Bodry am 100,7-Interview. D'Gesetz vum 25. Mäerz 1885, op dat d'Regierung sech bis ewell baséiert huet, hätt eng relativ onsécher Basis.

auto_stories

4 min

Den Alex Bodry

Den Alex Bodry, fréieren LSAP Députéierten a Raporteur vun der Ännerung um Verfassungstext, erkläert am 100,7-Interview, datt duerch den Etat d'urgence d'Regierung gewësse Vollmuechte kritt, fir eng Rei vu Moossnamen ze huelen. Dës missten awer ëmmer am Respekt mat der Verfassung a mat internationalem Recht sinn.

D'Regierung kéint doduerch Mesuren ergräifen, déi soss eng gesetzlech Basis bräichten, also wou d'Chamber doriwwer misst ofstëmmen. Esou kéint d'Regierung eng "appropriéiert Äntwert" ginn op déi Noutsituatioun, an där sech Lëtzebuerg den Ament befënnt.

Op d'Entwécklung vun der Situatioun reagéieren

Doduerch, datt de Xavier Bettel den Artikel 32 (4) vun der Verfassung evoquéiert an den Noutstand ausrifft, géif et eng méi grouss Rechtssécherheet ginn, seet den Alex Bodry. Verschidde Mesuren, déi bis elo geholl gi sinn, géifen op alen Texter baséieren, wat eng "relativ onsécher Rechtsbasis" wier. Duerch den Etat d'urgence géif d'Handlungsfäegkeet erhale bleiwe fir Dag fir Dag séier op d'Entwécklung vun der Situatioun ze reagéieren.

Duerch d'Gesetzesprozedur, déi zu Lëtzebuerg dacks laang dauert, kéint een net innerhalb vu 24 Stonnen op Situatioune reagéieren. D'Chamber kéint net esou séier legiferéieren, wéi et am Moment néideg ass, seet den Alex Bodry. Doduerch wieren d'Konditioune vum Verfassungsartikel 32 (4) erfëllt.

Déi legislativ Prozedur zu Lëtzebuerg géif dacks Wochen a Méint daueren, well et komplex Texter wieren, esou den Alex Bodry. "Dat ass ze laang an dëser Situatioun", well ee vun engem Dag op deen aneren zousätzlech Mesurë misst huelen. "Dat sinn dacks Beräicher, déi zu Lëtzebuerg duerch d'Gesetz gereegelt sinn." Duerch den Etat d'urgence kéint d'Regierung Moossnamen an deenen Delaien huelen.

"De Fait, datt d'Regierung sech elo dozou decidéiert fir den Artikel 32 (4) z'evoquéieren, dat bréngt Handlungsfäegkeet a bréngt Rechtssécherheet."

Mesurë gi vu Chamber a Geriichter kontrolléiert

Den Alex Bodry mengt awer net, datt den Etat d'urgence zu manner Demokratie kéint féieren. "D'Chamber kann ëmmer nach zesummekommen." D'Parlament kéint esouguer der Regierung d'Mësstrauen ausschwätzen an déi al Gesetzestexter erëm hierstellen, déi d'Regierung am Etat d'urgence ëmgeännert hätt.

Et wieren och Geriichter do, déi kontrolléieren, "datt d'Regierung net ze wäit gaangen ass", esou den Alex Bodry, an ob den Artikel 32 (4) vun der Verfassung "eent zu eent vun der Regierung respektéiert ginn ass." Wann dat net de Fall sollt sinn, da géif d'Geriicht d'Decisioune vun der Regierung annuléieren.

Et wier een an enger Crise sanitaire, seet den Alex Bodry. "An et kënnen natierlech nëmme Moossname geholl ginn, déi dozou déngen, fir dës Crise sanitaire ze behiewen oder ze bremsen." D'Regierung kéint net dovunner profitéieren, fir aner Moossnamen ze huelen. Den Alex Bodry mengt, datt et net esou einfach wier, fir en Abus ze bedreiwen.

Den Etat d'urgence kéint zéng Deeg lafe gelooss ginn, a wann d'Regierung dee wéilt verlängeren, da misst ee Gesetz doriwwer gestëmmt ginn. D'Verfassung géif dat ausdrécklech virgesinn, ënnersträicht den Alex Bodry. D'Chamber misst mat enger Zweedrëttel-Majoritéit doriwwer ofstëmmen, fir eng méi laang Period festzeleeën. Den Etat d'urgence kéint awer net fir méi wéi dräi Méint verlängert ginn.

Parlament bleift handlungsfäeg

D'Verfassung géif, sou wéi déi meescht Verfassungen, näischt virgesinn, sollten ze vill Membere vun der Chamber krank ginn. Esoulaang wéi op d'mannst 31 Deputéiert sech kéinten treffen, wier d'Chamber handlungsfäeg, preziséiert den Alex Bodry. D'Parlament wier da beschlossfäeg a kéint Decisiounen huelen. Den Alex Bodry huet keen Doute, datt d'Parlament an nächster Zäit kéint handelen.

Zanter 2017 ass am Verfassungsartikel 32 (4) net nëmme rieds vun enger internationaler Kris, mee et sinn och national Krisesituatiounen ofgedeckt. Wann eng Gefor fir déi vital Interesse vum Land a vun Deeler vun der Populatioun besteet, kann den Etat d'urgence ausgeruff ginn.

Bei der Reform hätt ee sech awer och e méi strenge Kader ginn: déi maximal Dauer vum Etat d'urgence wier festgehale ginn, d'Parlament kéint duerch eng qualifizéiert Majoritéit iwwer den Etat d'urgence ofstëmmen, an d'Mesuren, déi am Etat d'urgence geholl gi sinn, wieren no der Période de crise erëm hifälleg.

D'Mesuren, déi an där Zäit geholl ginn, missten och verhältnisméisseg sinn a missten d'Verfassung an international Traitéë respektéieren.