Covidcheck-App "Dat ass natierlech ganz vill Aarbecht gewiescht"

Déi nei EU-Covid-Zertifikater kënne mat der neier Covidcheck-Applikatioun fir de Smartphone verifizéiert ginn: mat dëser App gëtt de Zertifikat gescannt a kontrolléiert. Et gëtt gekuckt, ob d'Dokumenter fir Geheelter, Geimpfter oder Getester authentesch sinn, ob se net verännert goufen an ob se gülteg sinn, esou den Direkter vum "Centre des technologies de l'information de l'État" Patrick Houtsch.

Serge Kesseler / cbi

Covid-Check.lu

Lauschteren


D'Gratis-Applikatioun vum CTIE, déi et op franséisch an op englesch gëtt, kann déi quadratesch schwaarz-wäiss QR-Coden op den Zertifikater liesen. Dës Codë baséieren op engem europäesche Standard, deen de leschte Mount festgeluecht gi war, erkläert de Patrick Houtsch. Et wier ganz vill Aarbecht gewiescht, dëse Standard ze implementéiere, seet den Direkter vum CTIE:

"Fir datt dat Ganzt fonctionéiert, hu mer och eppes en place gesat, wat mer national Gateway nennen, dat huet all Land gemaach. Do gëtt et och een EU-Gateway. An dat si Plattformen, déi néideg si fir Schlësselen auszetauschen, déi et eben erméiglechen, datt déi QR-Coden an all de Länner kënne gelies ginn an datt se och interoperabel sinn an datt dat eent Land deem anere Land seng QR-Code ka verifizéieren."

Beim dësem System wier den Dateschutz garantéiert, versprécht den Direkter vum CTIE. Et géife keng Daten u Servere geschéckt oder iergendwou ofgespäichert ginn. Wann den Zertifikat gescannt gëtt, da gëtt ë.a. ugewisen, ob et een Dokument ass, dat z.B. no enger Impfung oder no engem Test erstallt gouf.

D'Apdikteren oder Dokteren, déi zertifiéiert Schnelltester maachen, hätte vum staatleche CTIE eng Demarche op MyGuichet zur Verfügung gestallt kritt. An dëser Demarche ginn d'Donnéeë vum Patient saiséiert, de CTIE generéiert dann en Zertifikat mat engem QR-Code, an den Dokter kritt deen da fir erofzelueden, auszedrécke fir der Persoun ze ginn, erkläert den Direkter vum CTIE.

Éischt Zuelen, wéi dacks déi nei Lëtzebuerger Covidcheck-Applikatioun erof geluede gouf, solle muer Samschdeg virleien.

Méi zum Thema

Covidcheck
Corona-Pandemie

D'Covidcheck-App vun der Regierung, mat där déi verschidden Zertifikater iwwerpréift kënne ginn, ass elo disponibel. Zu Lëtzebuerg soll de Covidcheck den Alldag vereinfachen, seet d'Paulette Lenert.

Paulette Lenert a Xavier Bettel
Lockerungen

D'Situatioun wier am Moment ënner Kontroll, sou de Premier Xavier Bettel de Mëtteg um Briefing nom Regierungsrot. All d'Parametere géifen an déi richteg Richtung weisen an d'Impfung géifen däitlech hir Wierkung weisen.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen