Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  John Grant - It's a Bit...Disconcerting

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Dat ass keng Konventioun méi"

Federatioun vun de Psychotherapeuten

"Dat ass keng Konventioun méi"

D'Federatioun vun de Psychotherapeuten ass onzefridde mam Projet vum groussherzogleche Reglement iwwer de Remboursement vu psychotherapeutesche Seancen zu Lëtzebuerg. De Projet gouf viru Kuerzem vum sozialistesche Sozialminister Romain Schneider ausgeschafft, nodeem laang Diskussioune tëschent der Fapsylux an der Gesondheetskeess gescheitert sinn.

auto_stories

4 min

D'Delphine Prüm ass Presidentin vun der Fapsylux, d'Federatioun vun de Psychotherapeuten

Duerch dat éischt psychotherapeutescht Gesetz gouf scho viru fënnef Joer d'Grondlag fir esou e Remboursement geschaaft - duerch de Projet huet de Ministère lo versicht déi obligatoresch Dispositiounen ze definéieren. Am Gespréich mam Rahel Könen erkläert d'Delphine Prüm, Presidentin vun der Fapsylux, wisou d'Federatioun vun de Psychotherapeute géint d'Pläng vum Ministère ass.

De Projet wier unilateral entscheet ginn an et géifen ze vill negativ Punkten dra ginn: souwuel fir d'Patienten, wéi och fir de Beruff allgemeng. D'Fapsylux kéint domadder net averstane sinn, hir Liberté d'exercice géif ageengt ginn, seet d'Delphine Prüm.


Rahel Könen: Ginn et dann do konkret Punkten, wou Dir sot, datt een déi nach eng Kéier misst iwwerschaffen an iwwerdenken?

Delphine Prüm: Jo et gëtt där eng ganz Rei. Notamment den Accès vum Patient un de Psychotherapeut, dat soll jo per Prescription médicale sinn. Dat heescht, datt de Patient fir d'éischt bei den Dokter muss goen an da réischt bei eis kënnt. Do ka ganz vill Zäit verluer goen, doduercher, datt de Patient dee Wee muss goen.

Op der Prescriptioun Medicale steet dann och d'Diagnos an d'Unzuel vun den Seancen an d'Dauer vun der Therapie. Do froe mir eis, wéi den Dokter dat einfach sou an enger Stonn oder an zwou Stonne ka festleeën, op alle Fall d'Unzuel vun de Sëtzungen an d'Dauer vun der Therapie - dat geet net sou séier.

Mir sinn der Meenung, datt mir dräi bis fënnef Seancë brauche mam Patient. De Patient, dee bei eis kënnt, dee brauch fir d'éischt mol eng Ecoute. Mee am Reglement ass virgesinn, datt mir fir d'éischt mol dem Patient erklären, wat alles op hien duer kënnt, wéi e sech arrangéiere muss, fir datt dat rembourséiert gëtt. Mir mussen dann déi Diagnos erstellen an e Plan de travail maachen - alles an enger Stonn.

Wat och nach ganz wichteg ass: d'Reglement gesäit vir, datt Rapporte geschriwwe ginn, déi un d'CNS geschéckt ginn. Ech weess net, ob dat e Feeler ass, mee et ka jo net sinn, datt e Rapport mat all de privaten Donnéeë vum Patient einfach sou un d'CNS geschéckt gëtt, ouni securiséierte Background.

Mir als Therapeuten, an eiser Ethik, kënnen och net einfach déi Informatiounen u jiddweree viruginn. Do muss ee Kader geschaaft ginn, wou mir als Professionell engem anere Professionellen déi Informatiounen ënner Secret professionell matdeele kënnen, wou soss keen dru kënnt.

An Ärem Avis iwwer de Projet schwätzt Dir jo och vun enger Beanträchtegung vun der Beruffsautonomie vun engem Psychotherapeut. Hutt Dir do konkret Fuerderungen oder Virschléi un de Ministère, fir dës Autonomie erëm ze garantéieren?

Mir sinn der Meenung, datt de Beruff autonom ass, wann de Patient och ee libre accès zu eisem Beruffsstand huet. Datt mir eng psychotherapeutesch Diagnos kënnen erstellen, datt mir dräi bis fënnef Sëtzungen hu fir dat ze maachen, de Plan de prise en charge och opzestellen, datt mir selwer kënne mam Patient kucken, ob hie Psychotherapie brauch oder eppes aneres, datt mir dann och natierlech de Patient bei den Dokter schécken, fir en organeschen Check-up ze maachen.

Datt mir do awer Zäit kréie fir dat ze maachen, a selwer dann och mat eisen Aarbechtskolleegen, sief et Psychiateren oder medezinesch Generalisten, zesumme kënnen de beschte Wee fir eise Patient fannen.

Wat erwaart Dir Iech vun de kommende Wochen? Sidd Dir positiv agestallt, datt een do e Kompromëss ka fannen?

Mir sinn zanter Ufank u positiv agestallt gewiescht, dat bleiwe mir och. Mir erhoffen eis einfach, datt de Ministère duerch eisen an aner Avise mierkt, datt dat, wat si plangen, net am Sënn vun eisem Gesetz vun 2015 ass.

D'Zil vum Gesetz war et, datt jiddwereen, deen e psychesche Problem huet, méi séier un e Soin kënnt an ënner d'Äerm gegraff gëtt, fir erëm gesond ze ginn. An dat, wat am Reglement proposéiert ass, ass eng schwéierfälleg Method. Mir erhoffen eis einfach, datt mir erëm zesumme kënne schwätzen, negociéieren, fir datt et awer zu enger Konventioun kënnt.