No Clusteren "Dat ass katastrophal"

No de rezente Clusteren an Alters- a Fleegeheemer gesäit de President vun der Patientevertriedung d'DP-Ministerin Corinne Cahen an der Verantwortung. Et misst alles gemaach gi fir Infektiounsketten ze verhënneren.

Christiane Kleer / cbi

René Pizzaferri
De René Pizzaferri ass President vun der Patientevertriedung. Foto: Archiv

No engem Joer Pandemie missten d'Responsabel vun den Haiser sech de Risike bewosst sinn a sech och dogéint ekipéiert hunn, mengt de René Pizzaferri. "Dat schéngt net de Fall ze sinn, dat ass ganz bedauerlech", esou de President vun der Patientevertriedung um Bord vun enger Pressekonferenz.

"Wat mer [...] héieren hu vun deem Cluster, wou sou vill Leit gestuerwe sinn, dat ass katastrophal."

De President vun der Patientevertriedung gesäit d'DP-Ministesch Corinne Cahen an der Verantwortung. Hie seet: wann een als Minister d'Responsabilitéit iwwer bestëmmten Domainer hätt, da misst een och dofir suergen, datt an deenen Domainer alles gemaach gëtt, fir Problemer - wéi an dësem Fall déi rezent Infektiounsketten an Heemer - ze verhënneren.

Positiv gesäit ee bei der Patientevertriedung datt eng méi genee Analys vun der Virfäll gemaach gëtt.

Méi zum Thema

Alters- a Fleegeheem Exklusiv
CORONA-PANDEMIE

Am Vitalhome zu Keel sinn 8 vun 39 Residenten zanter dem Ufank vum Mount un oder mat Covid-19 gestuerwen. Dat deelt d'Croix Rouge op eis Nofro hi mat. Insgesamt 25 Residenten an 13 Mataarbechter wiere positiv op de Coronavirus getest ginn.

Alters- a Fleegeheem
Corona-Pandemie

Et ginn nei Cluster an zwee verschidden Alters- a Fleegeheemer. Dat deelt d'Familljeministerin Corinne Cahen op Nofro hi mat. Zu Rodange goufen et 16 positiv Fäll, an zu Boufer goufen et der 20.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen