De Kompromëss, deen d'EU-Staats- a Regierungscheffen iwwer den Europäesche Budget ausgehandelt hunn, war net gratis. Ungarn a Polen hate sech géint een neit Gesetz gestäipt, dat d'Ausbezuele vun EU-Sue u Konditioune knäppt.
Polen an Ungarn wollten de Mechanismus verhënneren oder staark ofschwächen. Béid Ziler hu si net erreecht, seet den Daniel Hegedus, Politolog an Expert fir Europäeschen Droit beim German Marshall Fund. Béid Regierungscheffen hätten objektiv kee Grond ze feieren.
EU-Parlament sollt kloen, fir de Prozess ze acceleréieren
D'EU gouf politesch erpresst, esou den Expert.
"Es ist klar, dass hier eine politische Erpressung vorliegt. Die polnische und ungarische Blockade haben einer der tiefsten institutionellen Krisen in der EU hervorgerufen."
Et kéint een iwwerdeems a Fro stellen, ob d'Staats- a Regierungscheffen am Europäesche Conseil iwwerhaapt dierfen ee Gesetzestext, iwwer deen ee sech virdrun eens gouf, ze ergänzen. Déi Institutioun huet nämlech dem EU-Vertrag no am Contraire vum Europäesche Parlament net d'Kompetenzen, Gesetzer ze maachen.
D'Parlament kéint och selwer viru Geriicht kloen, an iwwerpréiwe loossen, ob déi Demarche legal war oder dofir suergen, datt eng sougenannte Procédure accélérée muss ageschloe ginn. Doduerch kéinten och schonn 2021 déi éischt Prozedure lancéiert ginn.
De Kompromëss gesäit nämlech ënner anerem vir, datt déi Reegelen eréischt dann a Kraaft trieden, wann den Europäesche Geriichtshaff een Urteel doriwwer gesprach huet. Ungarn a Polen hunn allebéid annoncéiert, datt si effektiv eng Plainte maachen. Et kéint e puer Joer daueren, bis een Urteel virläit. An dat géif virun allem den ungaresche Premier Viktor Orbán arrangéieren, well 2022 an Ungarn en neit Parlament gewielt gëtt.
Net kloer, ob d'Kommissioun aktiv gëtt
Ofgesinn vun der Zäit, déi verluer ka goen, wier et och net kloer, wéi d'Europäesch Kommissioun sech verhält, déi zoustänneg ass, fir deen neie Rechtstsaatsmechanismus unzewenden.
Den Daniel Hegedus ass net dovun iwwerzeegt, datt d'Kommissioun prett ass, dat Instrument zum Beispill wärend dem Walkampf an Ungarn ze applizéieren.
"Es ist eine Frage, ob die Europäische Kommission das Regelwerk anwenden kann und eine andere, ob die Kommission auch bereit ist und den politischen Willen hat, das zu tun."
Ëmmerhi wier de Premier Viktor Orbán schonn zanter zéng Joer un der Muecht. Wärend där Zäit wier awer mat Ausnam vum Parlament keng vun deenen aneren EU-Institutioune géint d'Tendenze vun enger Autokratiséierung an Ungarn virgaangen.
Parlament sollt sech Alliéierter sichen
Nom Veto vu Polen an Ungarn ass et an den Ae vum Expert zu engem Wiessel an deem Comportement komm. Et géif méi politesche Wëlle gi Polen an Ungarn erauszefuerderen.
D'Parlament sollt sech Alliéierter sichen, zum Beispill ënner de Benelux-Länner, déi prett sinn, unzekloen, datt dee Kompromëss op enger Erpressung berout, an een dowéinst och kéint a Fro stellen, datt en effektiv esou applizéiert muss ginn.
Lauschtert dee ganzen Interview mam Daniel Hegedüs, an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.