Radioen

On air

Notturno  |  Joel Vandroogenbroeck - Fairy Tale

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Wou kënnt den Opschwong vun der AfD hier?

Däitschland

Wou kënnt den Opschwong vun der AfD hier?

18 Prozent an de Sondagen a ganz Däitschland, zweetstäerkste politesch Kraaft am Land - virun der Kanzlerpartei SPD. Fir déi rietsnationalistesch AfD geet et an Däitschland momentan no uewen. Wou kënnt den Opschwong hier? A ka sech d'Partei Hoffnung op Regierungsparticipatioun maachen?

auto_stories

3 min

Mat Sondagë verhält et sech jo an der Reegel sou: Déi, déi vir léien a gutt ofschneiden, bretze sech mat de Resultater. An déi, bei deenen et net sou gutt leeft, verweisen drop, datt et just Sondagë sinn an et bei de Walen duerchaus anescht kann ausgesinn.

Och an Däitschland gëllt déi Logik. Meeschtens, jiddefalls, well am Moment ass déi politesch Landschaft wéinst de Sondage-Zuele vun der rietsnationalistescher AfD zimmlech nervös, Mat bundeswäiten 18 Prozent am neisten ARD-Deutschlandtrend ass d'AfD mat der SPD gläichgezunn als zweetstäerkste Kraaft am Land. Méi Succès huet am Moment just d'Unioun vun CDU an CSU, mat ronn 30 Prozent.

De Parteichef Tino Chrupalla erkläert de Succès vu senger Partei esou:

"Wir haben Alleinstellungsmerkmale, wir vertreten die Interessen der Bürger, wir haben keine wertegeleitete Politik, sonderen eine interessensgeleitete Politik. Wir stellen uns klar gegen die Wirtschaftssanktionen gegen Russland, aber auch gegen die Sanktionen, die gegen China geplant sind."

D'Stäerkt vun der AfD, eng Folleg vun der Schwächt vun der Regierung?

An der Vergaangenheet hat d'AfD schonn e puer Mol héich Sondageswäerter. Déi waren ëmmer gedriwwen duerch Phasen, an deenen d'Migratiounspolitik am Land diskutéiert gouf oder bestëmmt Evenementer, wéi d'Silvesternuecht zu Köln, d'Stëmmung opkache gelooss haten.

Am Deutschlandtrend vun der ARD soen dës Kéier awer zwee Drëttel vun de befrote Léit, hir Zoustëmmung zur AfD kéim aus der Enttäuschung iwwert déi aner Parteien.

Eng Positioun, déi de Parteichef vun der CDU, de Friedrich Merz, am ZDF-Interview änlech gesäit. D'Stäerkt vun der AfD géif an éischter Linn d'Schwächt vun der Regierung weisen.

"Das ist die eigentliche Ursache. Wenn wir eine handwerklich und politisch gut arbeitende Regierung hätten, dann läge die AfD nicht bei 18 Prozent."

Tatsächlech ass d'Regierung, also SPD, B90/Die Grünen an d'FDP, zënter Méint zimmlech chaotesch ënnerwee. An der Diskussioun ëm d'Heizungsgesetz geroden déi Gréng an déi Liberal permanent uneneen. Donieft stieche verschidde Ministèren a Skandalen, sou huet de Robert Habeck am Wirtschaftsministère no engem Nepotismus-Virfall missen e Staatssekretär erausgeheien.

De Kanzler demonstéiert Geloossenheet

D'Ampel-Regierung kritt net wierklech e Fouss op de Buedem. Dovu profitéiert d'AfD. De Kanzler Olaf Scholz gesäit d'Situatioun typesch "scholzeg" - keng Panik, einfach weiderschaffen.

"Wir leben in einer Zeit der Umbrüche, bei der viele Bürger in unseren Ländern nicht sicher sind, ob die Zukunft auf ihrer Seite ist und sie eine haben. Aber wenn wir tapfer ein Problem nach dem anderen lösen und die Zukunftfrage nicht vergessen, dann wird es schon gelingen."

Ëmmer méi Leit maache sech eng Parteikaart bei der AfD

Besonnesch am Oste vun Däitschland ass onkloer, ob dat duergeet. An de Länner Sachsen an Thüringe läit d'AfD souguer bei ronn 30 Prozent an de Sondagen an ass kloer stäerkste Kraaft.

Ka sech d'AfD also legitim Hoffnungen op eng Regierungsparticipatioun maachen? A béide Bundeslänner gëtt d'nächst Joer gewielt. Nach schléissen déi aner grouss Parteien am Land Koalitioune mat der AfD aus.

De Bierger schéngt dat net näischt auszemaachen. Well d'Sondagë sinn net deen eenzege Moossstaf fir de Succès vun der AfD. Zënter dem Ufank vum Joer geet et och bei de Memberszuele vun der Partei kontinuéierlech erop. Datt Deeler vun der AfD vum Verfassungsschutz als rietsextrem agestuuft ginn - fir vill Leit wuel keng Hürd.