Coronavirus Däitschland: Negativtrend bei der Impfcampagne
An Däitschland ass d'Impfbereetschaft an de leschte Wochen zeréckgaangen, wat mat Bléck op den Hierscht an déi ustiechend Deltavariant fir eng gewëss Beonrouegung suergt. Dofir wëllen d'Bundeslänner elo kreativ ginn fir och déi Persounen ze erreechen, déi bis elo nach keng Piqûre kruten oder wollten.
Et ass eng komesch Situatioun: méintelaang war den Impfstoff sou rar, datt d'Majoritéit vun de Bierger a Biergerinnen sech huet misse staark gedëllegen fir ee Rendezvous ze kréien. Elo awer ass genuch Vaccin do, mee d'Impfbereetschaft bei de Leit léisst no.
Campagne ass bis ewell zwou Wochen hannendran
Stand Mëttwoch goufe bis elo 89 Milliounen Impfdosisse geliwwert, mee just 78 gesprëtzt. D'Impfcampagne ass deemno ongeféier zwou Wochen hannendran an den Ofstand gëtt vu Woch zu Woch méi grouss. Natierlech si vill Leit grad an der Vakanz oder waarden nach e bëssi of, bis si sech impfe loossen, mee dësen negativen Trend beonrouegt d'Politik - besonnesch mat Bléck op den Hierscht an déi héichustiechend Deltavariant.
Dem Robert-Koch-Institut no misste wéinst dem héijen Infektiounsrisiko duerch d'Deltavariant op d'mannst 85 Prozent vun der Populatioun tëschent 12 a 60 Joer geimpft gi fir eng effikass Herdenimmunitéit ze erreechen. Stand elo, sinn 41 Prozent komplett vaccinéiert a 57,6 Prozent hunn op d'mannst schonn eng éischt Dosis kritt. Dat ass e gudden Ufank, mee nach e wäite Wee bis bei d'85er Grenz. An dee gëtt net méi einfach, well et elo dorëms goe muss, d'Impfbereetschaft nees erop ze dréiwen an sou vill Mënsche wéi méiglech ze erreechen.
D'Erausfuerderung wäerten déi lescht 15-10 Prozent sinn. Do stellt sech nämlech och d'Fro, wéi et mat den Impfunge fir Kanner a Jugendlecher weidergeet. D'Ständige Impfkommission wëll bis elo keng offiziell Recommandatioun fir dës ausschwätzen, och wann d'Politik dat fuerdert. Sou kéint et awer schwéier gi mam "Impf-Ruck", deen de Gesondheetsminister Jens Spahn sech fir dëse Summer wënscht.
Präisverlousungen fir een "Impf-Ruck"?
Also muss ee kreativ ginn an do kommen an de verschiddene Bundeslänner grad allerlee Virschléi op den Dësch. Mat renger Opklärung an Informatiounscampagnë kënnt een eleng net méi weider, dofir mussen nei Mesuren hier. Bal iwwerall ass een sech eeneg: den Impfprozess muss manner bürokratesch an och méi no un de Leit dru sinn.
A Brandenburg wëll een et dofir erméiglechen, Persoune spontan an ouni néideg Umeldung ze vaccinéieren, zum Beispill an de Foussgängerzonen, op Festivallen oder op de Plagë bei de Séien. A Rheinland-Pfalz gëtt iwwer den Asaz vu sougenannten Impfbussen nogeduecht, déi d'Léit spontan an den Akafsstroossen oder op de Maartplazen impfen, ouni datt e Rendezvous néideg wier. Aner Bundeslänner ewéi Hamburg oder Schleswig-Holstein setzen zwar och op mobil Impfstrategien, mee wëllen dës net an de Foussgängerpassagen implementéieren.
Och aner Ureizer fir eng Vaccinatioun ginn op verschiddene Platzen diskutéiert. De saarlännesche Ministerpresident Tobias Hans huet der "Funke Mediengruppe" géigeniwwer erkläert, datt hien zwar net vill dovun hält Leit ze bezuelen, wa si sech impfe loossen, mee datt villäicht eng Präisverlousung zousätzlech Motivatioun kéint mat sech bréngen. An den USA ass esou eng Lotterie jo schonn en place. Déi aner Bundeslänner gesinn esou eng Mesure allerdéngs als wéineg zilféierend un. Sou oder sou wäert d'Impfcampagne an Däitschland méi flexibel a kreativ musse ginn, wann een evitéiere wëll, herno um Impfstoff sëtzen ze bleiwen.