Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Hausdokteren amplaz Impfzentren

Impfen

Däitschland: Hausdokteren amplaz Impfzentren

An Däitschland leeft d'Impfcampagne net esou séier wéi erhofft. Den Hausdokteren no ass dat och eng Konsequenz dovun, datt si nach net matabezu goufen. Dofir fuerderen si elo, d'Impfzentren zouzemaachen an d'Vaccinatioune bei den Hausdokteren duerchzeféieren. Dat kéint awer nach méi laang daueren ewéi erwaart.

auto_stories

3 min

Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn ass sech sécher: d'Hausdoktere matanzebezéien ass de Grondstee vun enger méi séierer an effikasser Impfcampagne. Dat sot hien nach eemol de Freideg de Moien an der Bundespressekonferenz. E Mëttwoch hat hie sech mat sengen Homologen aus de Bundeslänner dorop gëeenegt, datt Hausdoktere spéitstens den 19. Abrëll Patiente solle vaccinéieren. Wéi hien de Freideg ënnerstrach huet, wier dat awer natierlech ofhängeg dovun, wéi vill Impfstoff verfügbar wier. Bal 70.000 Cabinete kéinte matmaachen, a wann hei jeeweils 20 Dosen an der Woch géife gesprëtzt ginn, bräicht ee schonn 1,4 Millioune Vaccinen, dat wier awer den Ament nach schwéier, sou de Jens Spahn. D'Transitioun vun den Impfzentre bei d'Hausdoktere misst un de verfügbaren Impfstoff ugepasst ginn. Den SPD-Gesondheetsexpert Karl Lauterbach mengt, datt d'Dokteren dowéinst eréischt am Mee vollëmfänglech kënne matmaachen. Hätt ee se elo scho matabezunn, hätt dat just zu Enttäuschungen an Iwwerlaaschtung gefouert.

Kassenärztlicher Bundesvereinigung : Bis zu 5 Milliounen Impfungen d'Woch méiglech

Bei den Doktere gesäit een dat awer anescht. De Chef vum Deutschen Hausärzteverband, den Ulrich Weigeldt, sot der "FAZ", schonn elo kéinten all d'Impfdosisse bei Doktere gesprëtzt ginn an d'Impfzentren zoumaachen. Natierlech misst een nach all Rendezvousen an den Impfzentren anhalen, mee ebe parallel méi séier doru schaffen, datt an de cabinets medicaux ka geimpft ginn. Och den Andreas Gasse vun der Kassenärztlicher Bundesvereinigung kritiséiert datt d'Hausdokteren nach net kënne mathëllefen. Hien ass sécher, datt schonn haut fënnef Millioune Vaccinë pro Woch ouni gréisseren Effort kéinte vun Doktere verimpft ginn. De Jens Spahn sot de Freideg de Moien, d'Länner an d'Gemenge wéilten awer bis op Weideres un der aktueller Impstrategie festhalen. Et wier awer kloer, datt d'Hausdokteren e wichtege Bestanddeel an der Impfcampagne wieren, besonnesch, wat d'Prioriséierung vun de Patienten ugeet. D'Hausdoktesch Anke Richter-Scheer war och an der Bundespressekonferenz zu Gaascht a sot, Impfunge wiere schliisslech eng alldeeglech Aufgab vun Hausdokteren. Si wieren doduerch, datt si hier Patiente gutt kennen och besser positionéiert wéi d'Impfzentre fir ze entscheeden, wien wéi séier soll geimpft ginn. Dofir misste si sou séier wéi méiglech matabezu ginn. Trotzdeem kéinten d'Impfzentren awer och weiderhin hëllefen, d'Dokteren ze entlaaschten.

Jens Spahn: Kee Beweis fir Zesummenhang tëscht Thrombosen an Impfstoff

Dat hänkt awer natierlech alles dovun of, wéi vill Vaccin et iwwerhaapt gëtt. Gëschter war jo bekannt ginn, datt verschidde Länner - dorënner och Lëtzebuerg - virsiichtshallwer Impfdosisse vun Astra Zeneca aus dem Verkéier gezunn hunn, well hei an Eenzelfäll Thrombosen opgetrueden waren. De Jens Spahn gesäit awer kee Beweis fir een kausalen Zesummenhang a wëllt dofir och weiderhin um Vaccin festhalen. De Karl Lauterbach soot Thrombose wieren eng heefeg Konsequenz vun enger Coronainfektioun an de Vaccin géif dës verhënneren. Den Asaz vum Impfstoff ze stoppe wier e gravéierende Feeler, well esou d'Vertraue vun de Bierger an de Vaccin massiv geschiedegt géing ginn.