Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitschland: Ausbléck op d'Waljoer 2021

Landtags- a Bundestagswal

Däitschland: Ausbléck op d'Waljoer 2021

An Däitschland huet Neijoerschdag och d'Waljoer 2021 ugefaangen. Am September gëtt en neie Bundestag gewielt an d'Ära Merkel geet definitiv op en Enn. Bis dohi bleiwen awer nach sëlleg Froen op. Eise Korrespondent zu Berlin, de Max Tholl, mat engem Ausbléck op déi kommend politesch Méint.

auto_stories

3 min

Ëmmerhin eng Gewëssheet gëtt et schonn: no 16 Joer Amtszäit wäert dëst dat lescht Joer vun der Angela Merkel hirer Kanzlerschaft ginn. Mee wien hir Plaz wäert anhuelen an a wéineger Konstellatioun - doriwwer gouf an de leschte Wochen a Méint vill spekuléiert.

Festleeë kann a wëll sech awer kee sou richteg. Well éier de 26. September een neie Bundestag an domadder och eng nei Regierung gewielt ginn, gëtt et intern bei de Parteien nach genuch ze klären an ze diskutéieren - virun allem bei den Uniounsparteien.

Wie gëtt Kandidat vun der Unioun?

A knapp zwou Woche wëllt d'CDU op hirem Parteidag een neie Chef wielen, deen dann natierlech och villverspriechend Chancen op d'Kanzlerkandidatur vun der Partei hätt wann, jo wann, do net nach d'Schwësterpartei CSU mat hirem Chef dem Markus Söder wier.

Dësen hält sech bis elo relativ bedeckt, mee Sondagë weisen, datt hien de klore Favorit an der Course ass, och wann hien offiziell nach guer net un dësem Deel hëlt. Besonnesch am leschte Joer huet hie sech duerch säin decisiivt Duerchgräifen an der Corona-Politik als "Schattenkanzler" etabléiert, a konnt vill Support an den Uniounsparteie sammelen.

Bei der CDU leeft et op een Duell tëschent dem Armin Laschet, Ministerpresident vun NRW, an dem relativ ëmstriddene Friedrich Merz eraus. Vue datt d'CDU/CSU mat 36 Prozent de Moment an de Sondagë wäit virun den anere Parteie läit, ass d'Kanzlerkandidatenfro natierlech och eng indirekt Kanzlerfro.

Landtagswahlen als politesche Seismograph

Wie schlussendlech untrëtt, dat soll sech wuel eréischt am Fréijoer decidéieren - aus guddem Grond. Well éier am September gewielt gëtt, stinn nach véier Landtagswahle fir d'Parteien um Programm. Dës wäerten natierlech als politesche Seismograph déngen a beaflossen d'Sondagen nach eemol zolidd.

Besonnesch interessant ass de Fakt, datt dës véier Landtagswahlen all a Bundeslänner sinn, déi vu verschiddene Parteie regéiert ginn. De 14 Mäerz kämpft de Winfried Kretschmann vu de Gréngen a Baden-Würtemberg ëm säi Ministerpräsidentenposten, genau wéi d'Malu Dreyer vun der SPD a Rheinland-Pfalz.

Am Abrëll gëtt dann an Thüringen, momentan vun die Linke regéiert, an am Juni a Sachsen-Anhalt, momentan ënner CDU-Féierung, gewielt. D'Uniounsparteie wäerte wuel op d'mannst d'Walen am Mäerz ofwaarde fir hiren Kandidat bei enger Nidderlag net direkt ze schwächen.

Wéi eng Koalitioun?

An da stellt sech natierlech nach d'Fro no de Koalitiounsoptiounen. Hei ginn et e puer méiglech Konstellatiounen, am probabelste schéngt awer eng schwaarz-gréng Zesummenaarbecht . Bei de Gréngen, momentan a Sondagen déi zweetstäerkst Partei, traut ee sech souguer d'Kanzleramt zou, ob alle Fall awer wëllt een no 16 Joer Oppositioun nees an d'Regierung.

Fir d'SPD wäert et iwwerdeems dorëms goen, den Negativtrend vun de leschte Joren ze bremsen an ze beweisen, datt een ëmmer nach Vollekspartei ass.

Et versprécht deemno ee spannend Waljoer ze ginn, bei deem d'Corona-Kris sécherlech dat bestëmmend Thema wäert bléiwen. An grad hei kéint d'Angela Merkel fir d'CDU zum Matchwinner ginn. Well keng aner Politpersoun konnt an der Pandemie esou vill Pluspunkte sammelen ewéi d'"ewige Kanzlerin".