Radioen

On air

De Moien  |  Immy Owusu - What A Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsche Kontrollverloscht

Krisepolitik

Däitsche Kontrollverloscht

An der däitscher Corona-Krisepolitik geet et drënner an driwwer. Wärend d'Infektiounszuele klammen, maachen eenzel Bundeslänner nees op. Anerer verlaange méi streng Reegelen. Eng Unitéit gëtt et scho laang net méi. Wéi konnt der däitscher Politik de Krisemanagement därmoossen aus den Hänn rutschen?

auto_stories

3 min

Et gouf e Moment an den éischte Woche vun der Corona-Pandemie, deen aus haiteger Siicht absolut absurd wierkt. Den däitsche Gesondheetsminister Jens Spahn ass deemools an engem Télésinterview beim amerikanesche Sender CNBC a gëtt gefrot, firwat Däitschland am Verglach zu sengen europäeschen Noperen sou gutt géif duerch d'Kris kommen. Däitschland hat wéineg Fäll, virun allem awer sinn däitlech manner Leit an den éischte Woche vun der Pandemie gestuerwe wéi an Italien oder Frankräich.

Anescht wéi virun engem Joer

An deem Gespréich sot de Jens Spahn de folgende Saz: Nëmmen do, wou d'Zuele vu Neiinfektiounen erofginn, denke mer drun, Schrëtt fir Schrëtt an eng nei Normalitéit zréckzegoen.

Zimmlech genau ee Joer ass dat hir. Elo klammen d'Infektiounszuelen an Däitschland nees dramatesch un, an der lescht sinn an der Moyenne all Dag 20.000 nei Fäll den Autoritéite gemellt ginn. D'Situatioun ass e gutt Stéck méi grave wéi virun engem Joer - mee de Saz, deen de Jens Spahn deemools sot, ass net méi wouer.

Viru knapps dräi Wochen hu sech Bund a Länner doriwwer verstännegt, am Fall vu klammenden Zuelen eng Noutbrems ze zéien. Dat heescht, iwwerall do, wou Mesuren zréckgezu goufen, missten se nees verschäerft ginn. Dat geschitt awer net.

Beispill Saarland, direkt un der lëtzebuergescher Grenz. An der Woch no Ouschtere solle Gastronomie, Kultur a Sport nees opgoen am klengsten däitsche Bundesland. Och privat Treffen, souguer a Gruppen, sinn dann nees méiglech. Bedéngung: eng Inzidenz vun ënner 100.

Dobäi ass et mol knapps e Mount hier, datt d'Politik, souwuel op Bundes- wéi op Lännerniveau, drop ageschwuer hat, datt déi magesch Grenz vu 35 Neiinfektiounen op 100.000 Awunner iwwer siwen Deeg misst erreecht ginn, ier een iwwerhaapt vu Lackerunge kéint schwätzen. Net nëmmen d'Saarland setzt sech iwwer d'Noutbrems ewech, och a Nordrhein-Westfalen oder zu Berlin gëtt se elo einfach net ëmgesat, obwuel et ausgemaach war.

Keen iwwerhëlt d'Oppositiounsroll

Déi däitsch Krisepolitik ass zënter dem vergaangenen Hierscht eng Kalamitéit. Et gëtt keng Unitéit ënnert de Bundeslänner, et gëtt kee Konzept, weder d'Ministerpresidenten nach d'Kanzlerin trauen sech, e wierkleche Lockdown ze beschléissen. Well sou oft se dat och widderhuelen - de Shutdown, dee mëttlerweil zënter méi wéi 5 Méint undauert - ass e Witz am Verglach zu deem, wat aner europäesch Länner duerchgezunn hunn.

Erklärunge fir dës geläämte Krisepolitik ginn et verschiddener. De Federalismus hëlleft net dobäi, konsequent Reegelen ze beschléissen. Datt déi däitsch Geriichter op lokalem Niveau alles ofschéissen, vun Alkoholsverbuet an der Ëffentlechkeet bis Ausgangsspären, verhënnert wierklech haart Mesuren.

Mëttlerweil weit awer vläicht am schwéiersten, datt all Decisioun en Impakt kann hunn op d'Bundestagswahl am Hierscht. Wien wëll elo, no engem Joer Kris, dee sinn, deen de Buttek weider zoumécht? Wuel éischter keen. A well bis op d'AfD alleguer d'Parteien, déi am däitsche Bundestag setzen, an op d'mannst enger Landesregierung vertruede sinn an d'Länner an der Kris ebe selwer vill Responsabilitéit hunn, ka keen eng wierklech Oppositiounsroll anhuelen.

An sou gëtt weider einfach näischt gemaach. D'Politik iwwerléisst de Bierger d'Verantwortung an d'Leit hunn esou lues genuch. Déi däitsch Politik misst d'Land duerch dës Kris leeden - mee dat ass schwéier, wann se selwer am déiwe Waasser struewelt.