Däitschland Däitsche Bundestag: Eng schwaach Virstellung

Den ukrainesche President Wolodymr Selenskyj huet gëschter bei enger virtueller Ried am däitsche Bundestag no méi däitscher Hëllef gefrot. Däitschland hätt am Virfeld vun der russescher Invasioun net genuch gemaach, fir Russland opzehalen. D'Ried ass allerdéngs duerno séier an den Hannergrond geroden - well d'Parlament ouni Paus zur "normaler" Dagesuerdnung iwwergaangen ass. En Déifpunkt, fënnt eisen Däitschland-Korrespondent Matthias Kirsch.

Matthias Kirsch (München) / cbi

Kommentar De Wolodymr Selenskyj war virtuell am däitsche Bundestag bäigeschalt
De Wolodymr Selenskyj war virtuell am däitsche Bundestag bäigeschalt. Foto: Thomas Trutschel / photothek

Zanter Deeg trëtt de Wolodymr Selenskyj virtuell an de Parlamenter vun der Welt op. Hie plädéiert bei de Regierungen a Volleksvertrieder vum Weste fir Hëllef, fir méi Hëllef, géint déi russesch Invasioun an der Ukrain.

Gëschter war et um däitsche Bundestag, fir de Wolodymr Selenskyj ze empfänken. De Besuch gouf zur Farce fir d'Parlament.

Huet Däitschland genuch gemaach?

Mat senger Ried huet den ukrainesche President seng Gefiller vis-à-vis vun Däitschland däitlech gemaach: D'Bundesregierung hätt net genuch dofir gemaach de Krich ze verhënneren - trotz Warnungen an Demanden no Hëllef - scho viru Méint.

D'Ukrain hätt ëmmer virum däitsch-russesche Gas-Projet Nordstream 2 gewarnt, Däitschland hätt allerdéngs ëmmer op déi reng Wirtschaftlechkeet vun der Gaspipeline, déi mëttlerweil gestoppt gouf, verwisen.

Däitschland hätt och mat dozou bäigedroen, datt keng preventiv Sanktioune géint Russland verhaange goufen, an datt een NATO-Bäitrëtt vun der Ukrain ni ënnerstëtzt gi wier.

Wärend de Wolodymr Selenskyj a Kanada oder virum US-Kongress Merci sot fir d'Hëllef, huet en am Bundestag ugeklot. Léiwe Bundeskanzler Scholz, sot de Wolodymr Selenskyj: Hëlleft eis, dëse Krich ze stoppen. Wat sou vill heescht wéi: nach hëlleft der net wierklech.

No der Ried: Business as usual

No der Ried, déi knapps 20 Minutte gedauert huet, gouf et awer eréischt richteg penibel. Ouni Paus an ouni weider Debatt iwwer d'Situatioun an der Ukrain oder déi däitsch Ustrengungen, gouf d'Parlamentssitzung weidergefouert.

Déi gréng Politikerin Katrin Göring-Eckardt, déi als Vize-Parlamentspresidentin d'Sessioun geleet huet, ass direkt zur Dagesuerdnung iwwergaangen - an huet als éischt zwee Deputéierten zum Gebuertsdag gratuléiert.

Keng Regierungserklärung vum Olaf Scholz mat Äntwerten op d'Reprochë vum Selenskyj, keng Debatt, keng Diskussioun. Fir d'Oppositioun eng Invitatioun: "Absolut onpassend" wier de Retour zur Dagesuerdnung, sou den Uniouns-Fraktiounschef Friedrich Merz, "penibel", sot de fréiere Fraktiounschef vun die Linke, Bernd Riexinger.

D'Unioun hat eng Aussprooch ugefrot, déi vun AfD a Lénkspartei ënnerstëtzt gouf. En Tick Parteipolitik huet am Fiasko matgespillt, dat sollt een net vergiessen: d'Unioun hat der Dagesuerdnung am Virfeld zougestëmmt.

D'Regierungsparteie vun der Ampel waren trotzdeem géint eng Debatt - d'Wieder vum Wolodymr Selenskyj géife fir sech stoen, sou d'Ausso.

Een desolat Bild

Elo kéint ee mat guddem Recht soen: Wat soll dat däitscht Parlament dann och elo soen? Sollt een net zur Dot schreiden, amplaz datt all Partei sech mat Reaktiounen op d'Ried vum Selenskyj ka brüsken?

An trotzdeem: datt net mol eng Paus ugeduecht war, net mol eng symbolesch Reaktioun vun der Regierung, dat seet vill aus. An et werft d'Fro op, wéi Däitschland wierklech zu dësem Konflikt steet a wéi et seng Verantwortung gesäit.

Well wann dat gréisste Land an der EU no enger Ried vun engem Staatschef, deen am Krich stécht, zur Dagesuerdnung iwwergeet, business as usual mécht? Dat ass en desolat Bild.

An der Mediathéik:

Auslandschronik / / Matthias Kirsch
Lauschteren

Méi zum Thema

De Xavier Bettel um informellen EU-Sommet zu Versailles
Informellen EU-Sommet

Um informellen EU-Sommet hätt ee kënnen e positive Message un d'Ukrain schécken, seet de Xavier Bettel am 100,7-Interview. D'Reegele fir een EU-Bäitrëtt géifen awer net iwwer Bord geheit ginn.

Däitsch Bundeswehr
Verdeedegungspolitik

Däitschland wëllt an Zukunft 2 Prozent vum PIB an d'Verdeedegung stiechen. An der SPD a bei de grénge Regierungspartner ass d'Theema Oprëschtung net onëmstridden, an awer gëtt et hei Konsens.

Wolodymyr Selenskyj
Emouvant Sëtzung am Europaparlament

Aussergewéinlech Sëtzung am Europaparlament: Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj gouf bäigeschalt. Hien huet op en Neits ugefrot, datt säi Land Memberstaat an der EU sollt ginn.

Illustraiotun Tansport Panzerofwierrakéit
Krich an der Ukrain

D'EU bréngt weider Sanktioune géint Russland op de Wee. D'Memberlänner wëllen ënner anerem eng hallef Milliard Euro fir Waffen a militäresch Ausrëschtung fir d'Ukrain zur Verfügung stellen. Dat ass eng Première fir d'EU.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen