Um Internetsite vum däitschen Inneministère ass ze liesen, datt d'Grenzen an déi zwou Richtunge kontrolléiert ginn. Nodeem wat mir de Moien op der Plaz gesinn hunn, ginn den Ament awer just Autoen, déi a Richtung Däitschland fueren, kontrolléiert. Dat och net iwwerall, erkläert de Pressespriecher vun der Bundespolizeiinspektion Tréier, de Stefan Döhn.
"Wir führen diese Grenzkontrollen auf der Bundesautobahn 64 auf dem Rastplatz Markusberg und an den kleineren Grenzübergängen durch. Wellen und Wintchringen. Und am Grenzübergang Wasserbilliger-Brück."
De Moie kuerz no néng konnt een zu Waasserbëlleg allerdéngs nach keng Kontrolle beobachten. Do wou kontrolléiert gouf, konnt een awer feststellen, datt duerchaus Leit gestoppt an zeréckgeschéckt goufen. Esou och op der Tréier Autobunn, um Parking Markusbierg. Op d'Automobiliste Féiwer hunn, gouf net kontrolléiert.
"Wir sind eine Polizei. Wir sind keine Ärzte oder kein Gesundheitsdienst. Wir selektieren am Anfang der Kontrollstelle ... Deutsche und Personen mit Aufenthaltsrecht in Deutschland können natürlich einreisen."
Anerer missten noweisen, datt si an Däitschland schaffen. Wéi genee dat geet, wann ee net schonn en Zertifikat vum Employeur prett huet, war de Moien net ganz kloer. Ee Policebeamte bei der Grenz zu Iechternach sot de Moien, et géif een dat den Ament - Zitat - sou gutt wei et geet, nopréiwen. Et hat een den Androck, datt och d'Autoritéiten nach net ëmmer wëssen, wéi si hir Consignë sollen ëmsetzen.