Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Impfstrategie an der Kritik

Chronik

Däitsch Impfstrategie an der Kritik

Zanter Ufank November ass Däitschland an engem Corona-Shutdown. Am Moment gesäit alles duerno aus, datt dësen och iwwer den 10. Januar eraus wäert verlängert ginn. Entre-temps wiisst awer d'Kritik un der Impfstrategie vun der Regierung - allerdéngs just vu Säite vun der Politik an de Medien. Déi medizinesch Experte verstinn d'Kritik net.

auto_stories

2 min

Däitschland géif hannendrulafen, sot d'Manuela Schwesig, Ministerpresidentin vu Mecklemburg-Vorpommern. Vun engem Katastrofen-Impfstart, schwätzt den FDP-Vize Wolfgang Kubicki. Eng beispilllos Blamage, titelt d'Dageszeitung DIE WELT.

Eng gutt Woch nodeems Däitschland mat den Impfungen ugefangen huet, wiisst d'Kritik vun der Strategie vun der Regierung. Déi 240.000 Impfdosen, déi bis gëschter verpickt goufen, wieren einfach net genuch. De Grondtenor vun der Kritik: déi däitsch Regierung hätt sech verpokert. An d'Kritiker kommen och vu Regierungssäit. Den SPD-Gesondheetspolitiker Karl Lauterbach sot zum Beispill, d'Regierung hätt op déi falsch an op méi belleg Impfstoffer gesat, wéi dee vu Biontech/Pfizer.

Bis Enn Mäerz maximal 13 Milliounen Impfdosen

Datt d'Geigestëmme grad elo sou haart ginn, huet virun allem domat ze dinn, datt aner, oft méi kleng Länner wéi zum Beispill Israel, en däitlech méi heien Taux vun der Bevëlkerung scho geimpft hunn. Zur Erënnerung: Däitschland rechent domat, bis Enn März héchstens 11-13 Milliounen Impfdosen ze kréien - domat wier knapps den prioritäre Grupp, also Pflege- a Gesondheetspersonal wéi och Leit iwwer 80, geimpft.

Et bléift awer d'Fro, wéi fundéiert déi Kritik ass. De Virolog Christian Drosten, deen och d'Regierung beréid, sot der Berliner Morgenpost: Et wier onméiglech elo am Nachhinein d'Beschafung vum Impfstoff esou schwarz a waiss ze bewäerten - d'EU hätt schliisslech viru Méint einfach op eng Rei Impfstoffer misste setzen.

De Probleem sinn déi limitéiert Produktiounscapacitéiten

Richteg ass: D'EU hätt bei Biontech méi Impfdosen kenne kafen, och Däitschland hätt der dann elo scho méi zur Verfügung. Allerdéngs hat d'EU eben op verschidden Ubidder gesat an huet insgesamt zwou Milliarden Dosë bei sechs Produzente bestallt. Vu datt d'Produzenten awer souwisou limitéiert Produktiounskapazitéiten un, stellt sech d'Fro, ob et un der elo disponibler Quantitéit eppes geännert hätt.

D'Diskussioun kënnt fir de Spahn zu engem schlechte Moment

Sou oder sou: Fir de Gesondheetsminister Jens Spahn, deen de gros vun der Kritik ofkritt, kënnt d'Onrouh zu engem schlechte Moment. Alles deit drops hin, datt an dëser Woch eng Verlängerung vum Shutdown wäert decidéiert ginn. Zënter elo zwee Méint gëlle jo méi streng Reegelen an Däitschland, op de meeschte Plazen gëllen aktuell och Ausgangsspären an Alkoholsverbued.

Zwar ass de Jens Spahn politesch vir eng Verlängerung vun de Mesuren net responsabel - als Gesondheetsminister kritt hien et ëffentlech trotzdem of.