Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Däitsch Frontaliere kënne méi vun doheem aus schaffen

Konventioun ënnerschriwwen

Däitsch Frontaliere kënne méi vun doheem aus schaffen

Och fir Grenzgänger aus Däitschland soll et vun 2024 u méiglech ginn, bis zu 34 Deeg pro Joer vun doheem aus ze schaffen, ouni do Steiere mussen ze bezuelen. De Moment läit d'Grenz bei 19 Deeg Homeoffice. Déi ugepasste Konventioun huet d'Finanzministerin Yuriko Backes (DP) de Moien zu Berlin mam däitschen FDP-Minister Christian Lindner ënnerschriwwen. Méiglech ginn déi 34 Deeg duerch eng Ännerung vum Duebelbesteierungsofkommes tëschent Lëtzebuerg an Däitschland.

auto_stories

1 min

Lauschterenplay_arrow


D'Ministerin Yuriko Backes weist sech zefridden, datt d'Reegele fir Grenzgänger aus Däitschland mat deene fir d'Frontalieren aus der Belsch an aus Frankräich wäerte gläich gesat ginn, op 34 Deeg Homeoffice pro Joer. Dat géif och fir méi Planungssécherheet fir déi Beschäftegt a fir d'Entreprise suergen.

Fir Däitschland géif et bei dësem Accord keng Géigepartie ginn, seet d'Finanzministerin Yuriko Backes. Dësen Accord wier awer am Interesse vun de Grenzgänger aus Däitschland.

"Ech wëll villäicht och soen, dass eng aner Dispositioun, déi mir och ganz wichteg war, och ass, dass d'Staatsbeamten elo och heivu kënne profitéieren. Dat war am Accord virdrun net virgesinn. (...) Also Lëtzebuerger Beamten, déi fir d'Fonction Publique schaffen, déi an Däitschland wunnen, datt déi elo och kënne vun deene 34 Deeg profitéieren."

D'Erweiderung op 34 Deeg Homeoffice fir Grenzgänger aus Däitschland, géif eng däitlech bürokratesch Entlaaschtung op béide Säite vun der Grenz duer stellen, esou den däitsche Finanzminister Christian Lindner haut bei der Signature zu Berlin.