Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitsch Aussepolitik: interne Muechtkampf?

Däitschland

Däitsch Aussepolitik: interne Muechtkampf?

Een Dag no hirer Vereedegung als däitsch Ausseministesch war d'Annalena Baerbock gëschter op Visitte zu Paräis an zu Bréissel. Haut dann ass och den Olaf Scholz hei op Besuch fir mat de Partner ze diskutéieren. Dobäi ass sech déi nei Regierung selwer nach net sou ganz eens, wou et aussepolitesch soll higoen an wien hei d'Entscheedungen trëfft.

auto_stories

4 min

E Mëttwoch gouf d'Annalena Baerbock offiziell als éischt däitsch Ausseministesch vereedegt. Een Dag méi spéit war si schonn ënnerwee fir sech bei den europäesche Partner ze presentéieren.

Däitschland als europäesche Partner

Ganz traditionell, goung déi éischt Déngschtrees dann op Paräis, wou d'Annalena Baerbock gëschter an de fréie Moiesstonne mat hirem Homolog, dem Jean-Yves Le Drian zesummekoum.

U Sujeten huet et hei net gefeelt: de Konflikt mat Russland, d'Haltung géigeniwwer China an och d'Klimapolitik koumen op den Dësch, éier et mam Zuch weider op Bréissel goung fir ënner anerem Entrevue mam EU-Aussebeoptraagten Josep Borrell an dem amerikanesche Klimabeoptraagten John Kerry.

D'Annalena Baerbock war beméit ze signaliséieren, datt och déi nei Regierung en zouverlässegen europäesche Partner bleift, och, oder grad wann ee sech net ëmmer eens ass:

"Mir ist wichtig deutlich zu machen, dass Deutschland für eine starke europäische Union eintritt und wir in Freundschaft weiter Politik machen, und Freundschaft heißt gerade auch bei kritischen Fragen offen und ehrlich miteindander zu sprechen."

International Klimapolitik als Deel vun der Aussepolitik

Um Moie schonn hat d'Annalena Baerbock kloer gestallt, datt et beim Theema Energiepolitik Differenzen tëschent Däitschland a Frankräich gëtt, d'Atomenergie wier an hiren Ae keng gréng Energiequell.

Wéi d'SZ mellt, wëllt d'Annalena Baerbock hire Kompetenzberäich vergréisseren an d'international Klimapolitik net méi am Ëmweltministère loossen, mee zukünfteg selwer verhandelen. Iwwerhaapt trëtt d'Annalena Baerbock voller Tatendrang op, plädéiert och zanter Méint fir eng méi strikt Linn géigeniwwer Russland a China.

Den Olaf Scholz hält sech méi zeréck

Den neien Kanzler Olaf Scholz reest dann haut och op Paräis a Bréissel. Am Géigesaz zu senger Ausseministesch hält sech de Scholz mat Aussoen awer relativ bedeckt. Souwuel beim Sträit ëm d'Gaspipeline Nordstream 2 an och beim Theema Olympiaboykott wëllt de Kanzler näischt iwwerstierzen, mee ofwaarden.

D'Annalena Baerbock hat am Oktober gesot, et dierft ee sech bei Nordstream 2 net vu Russland erpresse loossen, hir Partei ass strikt géint de Projet, d'SPD awer ass méi zeréckhalend mat hirer Kritik.

Wien huet an der Aussepolitik d'Soen?

Iwwerhaapt koum an de leschten Deeg d'Fro op, wie beim Theema Aussepolitik d'Soen huet. Den SPD-Fraktiounschef Rolf Mützenich hat sech e Mëttwoch am "Deutschlandfunk" am Kontext vum Ukrain-Konflikt relativ eendeiteg geäussert:

"[...] eben zu deeskalieren ist wichtig und das wird eine kluge deutsche Aussenpolitik, die insbesondere im Kanzleramt auch gesteuert und auch gedacht wird, mitunternehmen und da bin ich sehr zuversichtlich, dass Olaf Scholz das tun wird."

De gréngen Aussepolitiker Omid Nouripour hat doropshin op Twitter kritiséiert d'Auswärtiges Amt esou erofzesetze wier eng falsch "Koch-Kellner-Logik".

Och dem Olaf Scholz seng Entscheedung de politeschen Direkter vum Ausseministère an d'Kanzleramt ze huelen huet d'Spekulatiounen ëm een interne Muechtkampf ëm d'aussepolitesch Féierungsroll renforcéiert.

Haut dann ass d'Annalena Baerbock a Polen, den Olaf Scholz soll bis e Sonndeg hei passéieren. Esou vill Harmonie ewéi zu Paräis a Bréissel ass hei net ze erwaarden, do ka sech déi néi Regierung eigentlech net och nach intern Tensiounen leeschten.