Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Däitlech méi Lëtzebuerger ginn an Holland studéieren

Educatioun

Däitlech méi Lëtzebuerger ginn an Holland studéieren

​Hollännesch Unie gi méi populär bei Lëtzebuerger Studenten. D'lescht Joer hu bal 200 Lëtzebuerger mat engem Studium op enger hollännescher Uni ugefaangen. Dat sinn der dräimol sou vill, wéi véier Joer méi fréi. Ee vun de Grënn fir des Zounam kéint de Brexit sinn.

auto_stories

2 min


De Bäitrag vum Rick Mertensplay_arrow


Zënter 2016 huet d'Zuel vun de Lëtzebuerger Studenten, déi an Holland studéieren däitlech zougeholl. Dat ass dat Joer an dem déi britesch Bierger fir den Austrëtt aus der europäescher Unioun gestëmmt hunn. Op et hei en direkten Zesummenhang gëtt ass am Moment schwéier ze soen.

Source: Associatioun vun den hollänneschen Unien (VSNU)

Etüden doriwwer géifen et net ginn, seet de Léon Diederich vum Héichschoul-Ministère. Hollännesch Unien hätten awer dacks eng englesch-sproocheg Offer, déi en ähnleche Public uschwätzt wéi britesch Unien.

D'Zuel vu Lëtzebuerger Studenten, déi sech fir britesch Unien interesséieren ass an de leschte Jore stabel bliwwen. Dat weisen Zuele vun der britescher Autoritéit UCAS, déi sech em d'Unis-Bewerbunge këmmert. Dëst Joer hunn deemno 250 Lëtzebuerger eng Demande gemaach fir e Bachelor op enger Britescher Uni ze maachen. Dat waren der ähnlech vill wéi an de Jore virdrun.

Wéi d'Zuel vun de britesche Studenten zu Lëtzebuerg sech entwéckelt ass iwwerdeems statistesch kaum ze erfaassen. Vum Heichschoul-Ministère heescht et, am Moment wiere just eng 15 britesch Studenten op der Uni Lëtzebuerg ageschriwwen.