Ukrain-Kris "Dag vun der Eenheet" an der Ukrain

An der Ukrain huet de President gëschter fir en "Dag vun der Eenheet" opgeruff. Dat war eng Reaktioun op déi vill Spekulatioun datt eng Invasioun vu Russland kéint op genee deem Dag gestart ginn. Dozou ass et bekanntlech net komm mee d'Warnunge bleiwen do datt Russland all Moment en Ugrëff op d'Nopeschland starte kéint.

Philip Crowther (Kiew, Ukrain) / cbi

Ukrain
Fir den Zeeche vun der Eenheet ze setzen, gouf am Parlament zu Kiew den ukrainesche Fändel gewisen. Foto: picture alliance / Photoshot | Volodymyr Tarasov / Avalon

Lauschteren


Zu enger Invasioun ass net komm, mee d'Warnunge bleiwe bestoen, datt Russland all Moment en Ugrëff op d'Nopeschland starte kéint. Vill Experten hate virdru gewarnt, datt et e Mëttwoch zu engem Ugrëff kéint kommen.

En Zeeche vun der Eenheet

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj wollt an dëser Zäit Solidaritéit an Nationalstolz weisen. D'Regierung huet Angscht, datt dëse konstante russeschen Drock an d'Angscht vun enger Invasioun d'Land splécke kéint.

Esou gouf als Reaktioun gëschter an der Haaptstad, an de Groussstied, an och op der Grenz vun der ëmstriddener Donbas-Regioun am Oste vum Land de blo-giele Fändel gewisen. En 200-Meter-laange Fändel gouf duerch den Olympiastadion gedroen. Och d'Nationalhymn sollt am ganze Land gesonge ginn, mee dovun huet een zu Kiew net vill matkritt.

D'Ukrain gleeft Russland net

De Wolodymyr Selenskyj ass gëschter duerch d'Land gereest fir Truppen ze besichen, och zu Mariupol, ganz no um Deel vum Land, dee vu pro-russesche Separatiste kontrolléiert gëtt. Hie sot, d'Ukrain wier prett fir sech e verdeedegen.

De Risiko, datt Russland ugräift, bleift héich, seet de Westen. D'NATO gesäit kee Beweis dofir, datt russesch Truppe vun der Grenz ofgezu goufen, trotz de Wierder vum russesche Verdeedegungsministeren.

D'Ukrain gleeft Russland net, an et gëtt éischter elo Informatiounen, datt méi russesch Truppen op d'Grenze mat der Ukrain geschéckt ginn.

Méi zum Thema

Maidan
Ukrain-Kris

Russland huet annoncéiert een Deel vun den Zaldote vun der ukrainescher Grenz ofzezéien. D'Militärübunge ginn awer weider, an der Ukrain goufen et Cyberattacken op staatlech Banken a Websäite vun der Regierung.

Net verpassen

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen