Radioen

On air

Tockcity  |  The Struts - Can't Stop Talking

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Statec: Wirtschaftlech Entwécklung bleift volatil

neisten analys vum statec

Statec: Wirtschaftlech Entwécklung bleift volatil

D'Wirtschaft an der Eurozon stagnéiert, mee fir Lëtzebuerg erwaart de Statec fir dëst Joer keng Stagnatioun. An enger neier Analys vun der Statistikverwaltung heescht et awer, datt verschidde Facteuren déi national Ekonomie belaaschten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Zanter Enn läscht Joer wiisst de PIB vun der Eurozon net méi. Ee klengt Opootme gouf et am Fréijoer. Awer just op den éischte Bléck: de PIB ass haaptsächlech wéinst der Entwécklung an engem Land geklomm, seet de Bastien Larue vum Statec.

"Quand on regarde les chiffres dans le détail, le rebond n'est pas si net. Ça va beaucoup d'Irlande qui a toujours des fluctuations énormes, mais qui influe le résultat de la zone euro. Si on regarde les chiffres sans l'Irlande, c'est beaucoup moins bien."

Opgrond vun der Entwécklung vum PIB an Ëmfroen a verschiddene Secteure geet de Statec fir dat drëtt Trimester vun enger Stagnatioun, wann net vun enger Baisse vum PIB vun der Eurozon, aus.

Net genuch Opträg fir d'Entreprisen

Fir Lëtzebuerg kéint ee fir deen Zäitraum awer nach keng Zuele liwweren. D'wirtschaftlech Entwécklung hei am Land wier vun Trimester zu Trimester volatil, seet de Bastien Larue. Mat Sécherheet erkennt een awer den Effet vun der Inflatioun an den héijen Zënssätz. Sou zum Beispill am Bausecteur.

"Comme cela coute beaucoup plus cher d'emprunter, il y a beaucoup moins de demands de crédits. On le voit très bien au niveau des statistiques bancaires. Il y a moins de crédits accordés, donc il y a beaucoup moins de transactions des biens immobiliers, beaucoup moins d'achats."

Dat gesäit een dann och am Carnet vun den Entreprisen: een Drëttel vun hinnen hunn an enger Ëmfro vum Statec a Juli uginn, net genuch Opträg ze hunn. Dat sinn Duebel esou vill wéi am Juli lescht Joer.

Eng weider Indextranche am Hierscht?

Fir d'allgemeng Previsioun fir dat ganzt Joer 2023 bleift de Statec awer bei engem 1,5 Prozent Wirtschaftswuesstem. D'Joer drop rechent ee mat enger Croissance vun 2,5 Prozent, also enger Verbesserung.

"Cette forte hausse d'inflation qui a poussé sur le pouvoir d'achat, on pense que l'inflation va diminuer. C'est déjà en train de se produire: il y a déjà moins d'inflation qu'il y a quelques mois. Ça va donner d'air aux consommateurs."

Wéinst der Inflatioun gëtt op dësen 1. September oder 1. Oktober och mat enger weiderer Indextranche vun 2,5 Prozent gerechent.