Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Wahlen an de Sport

Chamberwahlen 2018

D'Wahlen an de Sport

D'Campagne virun de Wahlen empfënnt den Denis Scuto als éischter langweileg. Méi Spannung versprécht momentan de Sport. Mee de Sport schéngt a kengem vun de Wahlprogrammer en zentraalt Thema ze sinn.

auto_stories

4 min

Den Denis Scuto fënnt de Sport grad méi interessant wéi d'Wahlcampagne.

D'Iddi, d'Legislativwahlen an den Oktober ze verleeën, hat am Ufank net schlecht geklongen. D'Gemengewahle si jo och ëm déi Zäit. An domat kënnt een den Europawahlen aus de Féiss. Et stellt sech natierlech dann 2023 schonn de Problem, datt Gemengewahlen a Parlamentswahlen alle béid an den Oktober falen.

D'Wahlcampagne am Summer: Net wierklech spannend

Net nëmmen aus deem Grond huet den Oktober als legislative Wahltermin, deemno wéi, wéineg Zukunft. Vun enger Wahlcampagne virum Summer war keng Spur ze gesinn. An am Summer war Summerlach, och a punkto Wahlen. À moins, datt een d'Waarden op dee leschten Deel vum Plang fir Lëtzebuerg vun der CSV als immens spannend erlieft hätt.

No der Spannung, déi keng war, hu mir do och nach misse feststellen, datt, wéi déi aner Parteien, och d'CSV kee Plang fir d'Land huet. Ausser déi gutt wirtschaftlech Konjunktur ze begleeden an hir manner gutt Niewenerscheinungen ofzeschwächen, jiddwereen no senger Zooss, sozialdemokratesch oder chrëschtlech-sozial oder liberal oder ekologesch oder populistesch oder antikapitalistesch.

Sport ass méi spannend

Campagnen, fir déi d'Leit sech éischter interesséieren, kommen dësen Hierscht net aus der Politik, mee aus dem Sport, ënner anerem mam Hype am Leeschtungssportberäich ronderëm de Lëtzebuerger Fussball, sief dat d'Nationalequipe an der neier Nations League oder dem F91 säin exzeptionelle Parcours an der Euro League.

D'Nationalequipe steet am Moment op der éischter Plaz an hirer Grupp an huet Chancen iwwer dee Wee sech fir den Euro 2020 ze qualifizéieren. Als éischt Equipe huet den F91 Diddeleng et an d'Gruppephas vun enger europäescher Kompetitioun am Fussball gepackt.

Grad dëser Deeg kommen donieft weider gutt Nouvellen aus dem Lëtzebuerger Elittesport, mam Vizeweltmeeschtertitel am Equippenzäitfueren op der Vëlos-WM fir d'Christine Majerus a carrement de Weltmeeschtertitel fir dem Bob Jungels seng Quick-Step.

Sport an de Wahlprogrammer

Ech hu mir dofir mol d'Wahlprogrammer vun de Parteien a punkto Sport ugekuckt. Fir ze mierken, datt och do de Plang ass dat ze ënnerstëtzen a weiderzëentwéckelen, wat do ass. Jiddweree mat engem klengen eegenen Tëppelchen um i.

  • D'LSAP versprécht, datt de Sportministère net erëm ofgeschaf gëtt an datt d'Sportfërderung, déi an de leschte Joerzéngten vu Sportminister meeschtens aus hire Reien entwéckelt gouf, konsequent fortgesat gëtt.
  • D'DP wëllt eng Stonn Beweegung pro Dag an der Schoul am Ganzdagbetreiungkonzept.
  • D'CSV wëllt vill Mini-Stadie fir de Breeden- a Fräizäitsport.
  • déi gréng wëlle finanziell Ureizer fir Veräiner schafen, déi Sportveranstaltunge méi gréng gestalten a si setze sech géint genderbedéngt Diskriminatiounen am Sport an.
  • déi Lénk wëlle méi ëffentlech Sportinfrastrukturen, déi siwen Deeg op siwen a 24 Stonne gratis zougänglech sinn.
  • Den ADR huet d'Mëttel géint d'Korruptioun an den internationale Verbänn fonnt: d'Léisung ass d'Olympesch Spiller ëmmer a Griichenland ofzehalen.
  • An d'Piraten wëllen d'Unerkennung vun eSport als richteg Sportaart.

Professionaliséierung ass keen Thema

De Sport ass keen zentraalt Thema an de Wahlprogrammer, en huet a verschiddene mol kee Recht op en eegent Kapitel. Wéi bei den aneren Theme gëtt awer och hei kloer, datt kee Plang bei den eenzele Parteie besteet, wann een dorënner eng laangfristeg Visioun versteet. Während mir no Nische bis an de Weltraum sichen, gräift esou zum Beispill keen déi Méiglechkeeten op, déi de Sport als Wirtschaftsfaktor bitt.

Obwuel sech zu Lëtzebuerg a Sportaarte wéi Vëlo, Fussball, Handball, Basket en Iwwergang zu ëmmer méi professionelle Strukture bemierkbar mécht a se international net nëmmen Prestige, mee och finanziell Entréeë generéieren, ass eng Strategie zur Professionaliséierung zum Beispill vun der Nationaldivisioun am Fussball keen Thema.

Stéchwierder wéi Sport als Employeur oder Sport an Digitaliséierung, d'Fitnessbranche oder Sportartikelindustrie, Froe wéi woufir gi Sportler oder Sportfans Suen aus, fanne mir a kengem Sportdeel vum Wahlprogramm.

Als nei Pläng am Sportberäich tauchen zwee Projeten op, déi schonn accordéiert oder schonn am Bau sinn: de Vëlodrom an den nationale Fussball- a Rugbystadion. Mee vläicht huet all Partei e Plang fir Lëtzebuerg a wëllt e just net virun de Wahle verroden.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.