Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Róisín Murphy - Murphy's Law

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Waasserwirtschaftsamt baut seng Kontrollen aus

Ëmwelt

D'Waasserwirtschaftsamt baut seng Kontrollen aus

P-F-A-S - ënner der Ofkierzung kënnen déi meescht vun Iech sech warscheinlech net ganz vill virstellen. Dobäi komme mir all Dag mat sougenannte PFASen (ausgeschwat: P-Fassen) a Kontakt: Déi véier Buschtawe stinn nämlech fir eng Kategorie vu cheemesche Stoffer, déi zum Beispill gebraucht gi fir Panen, Reenjacketten oder Mascara ze produzéieren. Mee dës Stoffer belaaschten och d'Ëmwelt, a verschiddener sti souguer am Verdacht Kriibs auszeléisen. Wéi grouss déi Gefore wierklech sinn, ass awer schwéier anzeschätzen.

auto_stories

3 min

D'PFAS-Stoffer sinn och als "éiweg Chemikalien" bekannt, well si sech an der Natur net vum selwen ofbauen, an d'Ëmwelt dowéinst iwwer Jorhonnerte laang belaaschten. Obwuel dat bekannt ass, ginn et relativ wéineg Donnéeën driwwer, wéi vill PFAS-Substanzen an der Natur ze fanne sinn. Den Tom Bechet, deen sech beim Waasserwirtschaftsamt ëm d'Kontrolle vum Waasser këmmert, seet, datt PFAS-Stoffer als Grupp selwer zu Lëtzebuerg an de leschte Joren net analyséiert gi sinn.

Europa: déi meeschte Länner hu keng systematesch Kontrollen

Lëtzebuerg steet domat net eleng do: Eng gemeinsam Recherche, déi d'lescht Woch ënner anerem vun der Süddeutschen Zeitung, Le Monde an dem Guardian publizéiert gouf, weist nämlech: An deene meeschten europäesche Länner gëtt am Moment net systematesch kontrolléiert, wéi staark d'Gewässer mat PFAS-Stoffer belaascht sinn.

Fir déi meescht Stoffer aus der Famill ginn et an der EU nämlech nach keng virgeschriwwe Grenzwäerter. Dat kéint sech awer geschwënn änneren, seet den Tom Bechet.

"An der neier Direktive fir d'substances puretaires, déi iwwerschafft soll ginn, steet de PFAS als Grupp vu 24 eenzele Substanzen och dran. Fir deem entgéingt ze kommen an och ee besseren Iwwerbléck ze kréien, schafft de Labo vum Waasserwirtschaftsamt drun, fir déi Substanze kënnen intern bei eis ze moossen."

ArcelorMittal Sitten zu Lëtzebuerg méiglecherweis staark kontaminéiert

Wéini d'PFAS-Kontrollen op europäeschem Plang obligatoresch ginn ass nach net kloer. D'Waasserwirtschaftsamt wéilt awer am Laf vun dësem Joer eng éischte Kéier selwer esou Analyse maachen, an déi dann no an no an déi gängeg Routine anzebannen, esou den Tom Bechet.

"Wéi een dat elo genee hi kritt ass elo nach net ganz kloer. Et ass awer sécher esou, datt dee Moment wou déi Direktiv gëllt, mir natierlech zu Lëtzebuerg déi dote Substanz sou wäerte moosse mussen ewéi d'Direktiven dat virgesäit, a wéi et dann och a Lëtzebuerger Legislatioun ëmgesat gëtt."

Zu dem Moment sollen dann och d'Gewässer an der Géigend vun Industrie-Sitte reegelméisseg op PFAS-Substanze getest ginn.

D'Recherchen, déi d'lescht Woch publizéiert gouf, nennt zum Beispill Sitte vun ArcelorMittal zu Esch, Diddeleng a Beetebuerg oder den Terrain vu Kronospan zu Suessem, als Plazen, déi méiglecherweis staark mat "éiwege Chemikalien" kontaminéiert sinn. Donnéeën, déi dee Verdacht géife confirméieren, huet d'Waasserwirtschaftsamt am Moment net.

Am Moment ginn d'Gewässer hei am Land awer just op ee vun de sëllege PFAS-Stoffer kontrolléiert, an dat ass de sougenannte PFOS, erkläert den Tom Bechet.

"Wann ee kuckt, op wéi enge Plazen een déi fënnt, da gëtt et do keen Hotspot. Wat awer och net wierklech erstaunlech ass wann ee bedenkt, a wat fir enger Multitude vu Produiten déi Substanze benotzt ginn, a wéi vill Produite jidderee selwer doheem huet wou PFAS-Substanzen dra sinn."

Eng besonnesch Kennzeechnung gëtt et nach net

Den Tom Bechet weist dofir drop hin jidderee kéint en Deel dozou bäidroe fir d'PFAS-Kontaminatioun vun de Gewässer ze reduzéieren.

"Dato sinn alles Substanzen, déi - wa se bis am Waasser sinn - ganz schwéier raus ze kréie sinn, oder guer net. Deementspriechend notzt et natiirlech, wann déi Produite mol guer net an d'Waasser kommen."

Dat kéint ee maachen, an deems een op Produite verzicht, wou dës Substanzen dra sinn.

An déi Kategorie falen zum Beispill eng ganz Réi Kosmetik-Produiten, Pane mat enger Teflons-Beschichtung a chemesch traitéiert Reenjacketten.

Wien déi Produiten evitéiere wëll muss sech awer am Detail informéieren. Besonnesch gekennzeechent ginn des Wueren am Moment nämlech net.