Radioen

On air

Thé Dansant  |  Johnny Cash: Unearthed Music (Cd 3/5) (& Strummer, Joe) - Redemption Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Vertraue vun den Ierpeldenger Bierger an de Projet Nordstad huet gelidden

Wéinst geplangtem Wandrad

D'Vertraue vun den Ierpeldenger Bierger an de Projet Nordstad huet gelidden

De Gemengerot vun Ierpeldeng hat sech zejoert an enger Resolutioun géint de geplangte Standuert zu Bierden ausgeschwat, wou dat 230 Meter héicht Wandrad vun Nordenergie S.A a Soler soll hikommen. Virun zwee Méint huet den Ettelbrécker Buergermeeschter awer eng Baugeneemegung ausgestallt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis weist sech enttäuscht iwwer de Mangel un Transparenz a Kommunikatioun mat den Nopeschgemengen Dikrech an Ettelbréck a fuerdert weider fir de geplangte Site "Auf der Hasenbach" zu Bierden falen ze loossen.

D'Gemeng Ierpeldeng wéilt eng Fusioun mat anere Gemengen net platze loossen, mee duerch dëse Projet hätt d'Vertraue vun den Ierpeldenger Bierger an de Projet Nordstad gelidden.

"A mir fäerten, datt hei zu Ierpeldeng vläicht en negative Vott erauskënnt. Dat sinn eis Bedenke vun der Gemeng. A soulaang wéi ech eppes hei ze soen hunn, sinn ech ëmmer fir d'Nordstad, dat wësst der alleguerten, mee ech sinn einfach enttäuscht, datt do eben d'Transparenz an den Dialog vun den Nopeschgemengen net esou war wéi mir dat erhofft hunn."

D'Ierpeldenger Bierger géife sech elo d'Fro stellen, wéi an anere Projete mat hinne verfuer wäert ginn. Dem Claude Gleis no wier déi zentral Fro, ob dono iwwer de Kapp vun deene klenge Gemenge géif decidéiert ginn.

Elo tranchéiere Geriichter

Wann d'Geriicht d'Prozedure géif confirméieren an d'Anlag also geneemegungsfäeg wier, da wier et dem Jean-Paul Schaaf no warscheinlech besser, et géif een ëffentlecht Gremium mat ëffentlechem Intérêt déi Wandmille baut, amplaz eng Firma mam kommerziellen Intérêt. "Well där si jo och do, Operateuren um Terrain, déi frou wiere fir warscheinlech esou en Terrain ze iwwerhuelen", sou de Buergermeeschter vun der Gemeng Ettelbréck. D'Decisioun soll viraussiichtlech d'nächst Joer am Januar falen.