Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Verhale vun der AfD ass politesch a mënschlech net ze toleréieren

Däitschland

D'Verhale vun der AfD ass politesch a mënschlech net ze toleréieren

Am Bayresche Landtag huet ee Member vun der AfD fir e Skandal gesuergt, wéi hie bei enger Gedenkminutt fir de verstuerwene Politiker Walter Lübcke als eenzegen am Sall net opgestane ass. Et wier ee Malentendu gewiescht, huet et herno geheescht, mee esou Virfäll si scho laang keng Ausnam méi bei der AfD a si symbolesch fir hir Politik, mengt de Max Tholl a senger Chronik.

auto_stories

3 min

Datt d'AfD sech politesch net ëmmer ze behuele weess, ass net nei, mee och op mënschlechem Niveau huet d'Partei elo nees gewisen, wat vun hir ze halen ass. E Mëttwoch gouf et am Bayreschen Landtag eng Gedenkminutt fir den CDU-Politiker Walter Lübcke, deen den 2. Juni vun engem Rietsradikalen erschoss gouf. Direkt um Ufank vun der Gedenkried vun der Landtagspresidentin Ilse Aigner sinn alleguer d'Politiker am Sall aus Respekt virum Verstuerwenen opgestane. Den AfD-Politiker Ralph Müller awer ass sëtze bliwwen.

D'Ilse Aigner huet an hirer Ried do virdrun gewarnt, datt déi, déi absichtlech mat hire Wierder Tabue briechen, eng Matschold u Gewaltverbrieche wéi am Fall Lübcke droen. Eréischt zwou Minutte méi spéit, wéi d'Aigner iwwer ee weideren, kierzlech verstuerwene Politiker geschwat huet, ass och den Müller opgestane an huet domadder fir ee Skandal gesuergt.

Kee Malentendu mee eng geplangte Provokatioun

Wéineg méi spéit huet hien erkläert, hie kéint kee Feeler a keng Schold u sengem Verhalen erkennen, hie wier einfach ofgelenkt gewiescht, well hien nach eng Ried preparéiert hätt. Natierlech géif hien den Fall Lübcke bedaueren an de Verstuerwenen respektéieren, sou de Müller, dee sech dono iwwer déi "moralingetränke Hexenjagd" vun den anere Parteie géint seng Persoun echaufféiert huet. Eréischt zwou Stonne méi spéit koum eng Entschëllegung vum Müller, mee dës ass op daf Ouere gestouss, well fir de Rescht vum Landtag war kloer: d'Aktioun war kee Malentendu, mee eng geplangte Provokatioun. An hire Verdacht kënnt net vun näischt.

Natierlech kann engem Politiker emol esou ee Lapsus passéieren, mee dorunner dierf an dësem Fall gezweiwelt ginn, well dem Müller säi vermeintleche Faux-Pas net deen éischten dëser Zort aus de Reie vun der AfD war. Am Januar zum Beispill haten eng ganz Partie AfD-Politiker de Sall vum Bayresche Landtag verlooss, wéi d'Holocaust-Iwwerliewend Charlotte Knobloch eng Ried am Gedenken un d'Affer vum NS-Regime gehalen huet an där si sot, d'AfD géif d'Naziverbrieche banaliséieren.

Kee Vogelschiss

Gëschter huet den AfD-Poltiker Wolfgang Gedeon dann an enger Ried zum Fall Lübcke erkläert, et géif natierlech Rietsextremismus ginn, dëse wier awer am Verglach zum islameschen a lénksextremisteschen Terror nëmmen ee "Vogelschiss".

Dat selwecht Wuert also, dat schonn den AfD-Chef Alexander Gauland virun engem Joer benotzt hat, fir d'NS-Zäit ze beschreiwen. Deemools hat de Gauland behaapt, den Hitler an d'Nazidiktatur wieren nëmmen ee Vogelschiss an iwwer 1.000 Joer erfollegräicher däitscher Geschicht gewiescht.

Och hei huet et herno geheescht, et wier nëmmen ee Fauxpas gewiescht, nëmmen eng oniwwerluechten Ausso. Mee där schéngen et an der AfD erstaunlech vill ze ginn a virun allem schéngen dës ëmmer de Rietsextremismus ze verharmlosen. Wier et net esou eescht, et kéint ee scho bal iwwer déi sëllech naiv Excusë vun der AfD schmunzelen. Mee et ass eescht an d'Wierder an d'Aktioune vun dëser Partei hu Konsequenzen. Et ass eescht, well et ass kee Vogelschiss, et ass politesch an mënschlech net ze toleréieren.