Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Clausel - Let Me Love You (Mr. Scruff Edit)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Vëlos-Penurie hält weider un

Wirtschaft

D'Vëlos-Penurie hält weider un

Zanter Wochen ass et schwiereg hei am Land un en neie Vëlo ze kommen. D'Corona-Pandemie hat e reegelrechte Rush op Vëloen ausgeléist. Eng héich Demande, där d'Offer net nozekomme schéngt. Mir hu bei Vëlos-Händler nogefrot, wéi déi aktuell Situatioun ausgesäit, a mat wéi engen Defie si weider ze kämpfen hunn.

auto_stories

2 min

D'Nofro un neie Vëloen ass duerch d'Covid-19-Kris staark geklommen. Vëlos-Hiersteller kéime schonn zanter Wochen net méi mat hirer Produktioun no, erkläert de Marc Broers, Patron vun engem Vëlosgeschäft an der Stad. Momentan hätt ee ronn zwee Drëttel manner Vëloe fir ze verkafen, an dat soll sech och bis an den Oktober eran net änneren.

De Marc Broers betount, datt dësen Engpass an de leschte Wochen zougeholl hätt. Lues a lues wiere si um Enn vun hirem Stock ukomm a misste sech elo gedëllege bis d'Hiersteller, héchstwarscheinlech nom Summer, nei Vëloe liwweren. An enger änlecher Situatioun befënnt sech och de Jan Ostergaard, Veloshändler vu Miersch. D'Fabrikanten hätten zanter méi laang näischt méi op Lager, an et géif deelweis nach bis 2021 dauere bis nei Modeller kënne geliwwert ginn.

Et wier ee komplett mat der Demande iwwerlaf ginn, esou de Jan Ostergaard. Och mat de Reparature wier een an de leschten aacht bis zéng Wochen net méi nokomm. Wéi d'Geschäfter den 11. Mee nees opgemaach haten, huet d'Regierung d'Primm op 600 Euro erhéicht, ouni datt d'Händler informéiert gi wieren. Dat hätt fir méi Verkeef gesuergt an d'Stocke vun de Vendeuren nach méi séier eidel gemaach.

De Veloshändler bedauert iwwerdeems, datt trotz héijer Demande no Vëloen d'Efforte fir d'Infrastruktur unzepassen an nei Vëlosweeër ze bauen nach ausbleiwen. Et ass domat ze rechnen, datt de Manktem u Vëloen nach eng Zäitche bestoe bleift. Mee nach wier d'Situatioun ze stemmen, mengt de Marc Broers, Vëloshändler an der Stad.