Radioen

On air

Resonanzen  |  Luigi Boccherini - Concerto fir Cello Nr.2 a Ré Majeur, KV 479, III. Allegro Assai - Françoise Groben (Cello), Solistes Européens, Luxembourg, Jack Martin Händler (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Urteel am Srel-Prozess

Nom Urteel

D'Urteel am Srel-Prozess

Am Srel-Prozess gouf gëschter d'Urteel an éischter Instanz gesprach. Et ass e Fräisproch op kompletter Linn fir déi fréier Geheimdéngschtmataarbechter Marco Mille, André Kemmer a Frank Schneider. D'Ecoute op de Geschäftsmann Loris Mariotto am Joer 2007 wier net illegal gewiescht, esou d'Riichter. D'Defense ass zefridden, mee hat se domat gerechent?

auto_stories

3 min

De Jean-Claude Franck ass Chefredakter vum radio 100,7 an huet de Srel-Prozess intensiv suivéiert

Simon Larosche: E komplette Fräisproch: War dat gëschter eng Iwwerraschung?

Jean-Claude Franck: Den Affekot vun engem vun den Ugeklote war selwer e bëssen iwwerrascht, wann och frou, wéi d'Urteel gesprach gouf. Et huet ee gemierkt, datt verschidden Affekote vun der Defense et fir méiglech gehalen hunn, datt de Prozess anescht ausgaange wier.

De Riichter Marc Thill war am Mäerz, nach virum Confinement, zimmlech streng mat den Affekote vun der Defense a mat den dräi Ugekloten an huet Verschiddener och e puermol op d'Plaz gesat. De fréiere Staatsminister Jean-Claude Juncker gouf allerdéngs net vum Riichter gequëtscht.

D'Urteel entlaascht déi dräi Ugekloten: si hätten näischt Illegales gemaach?

D'Urteel ass kuerz a knapp a schwätzt net laang ronderëm de Bräi. D'Riichter schreiwen, datt net hätt kënnen etabléiert ginn, datt d'Ecoutten op de Loris Mariotto illegal gewiescht wieren. Dofir hätten déi dräi Ugeklote misste fräigesprach ginn.

Entlaascht d'Urteel och de Jean-Claude Juncker?

Ma nee. d'Urteel widdersprécht dem fréieren CSV-Premier. Et gëtt eigentlech gesot, datt de Jean-Claude Juncker an der parlamentarescher Enquêtëkommissioun net d'Wourecht gesot hätt.

De Jean-Claude Juncker huet deemools, nodeems d'Affär am Hierscht 2012 bekannt gi war, gemaach wéi wann hien déi Ecoutten net autoriséiert hätt. De Premier sot: "An ech soen, ech hunn déi Ecoute, dee Virgang, deen Dir Ecoute nennt, net autoriséiert, well ech kann nëmmen d'Procédure d'urgence schrëftlech autoriséieren."

Fir d'Riichter ass awer ganz kloer, datt de Jean-Claude Juncker d'Ecoute ordonéiert huet, an datt hie Bescheed wousst: de Marco Mille huet dem Premier um Owend, wéi d'Ecoute geschalt gouf, effektiv zweemol ugeruff, dat ass dokumentéiert.

De Marco Mille huet spéider heemlech e Gespréich mam Premier opgeholl, dat zwar illegal ass, mee dat fir d'Riichter dokumentéiert, datt de Jean-Claude Juncker vun allem wousst.

Den CSV-President Frank Engel huet gëschter op Facebook geschriwwen, d'Urteel mam Fräisproch fir all d'Beschëllegt géif beleeën, datt et 2013 eigentlech just drëms gaange wier d'Regierung vum Jean-Claude Juncker lasszeginn, a just dofir wier gemaach ginn, wéi wann et eng uerg Staatsaffär gi wier. Du sos jo awer elo, de Jean-Claude Juncker hätt am Urteel vun de Riichter keng Réckendeckung fir seng Versioun kritt?

Den CSV-President hat d'Urteel wuel net gelies, wéi hien dat op Facebook geschriwwen huet. Et soll ee keng Amalgamme maachen, well e Fräisproch an engem winzege legalen Aspekt vun der ganzer Srel-Affär heescht net, datt et keng Affär gouf.

Et goufen Dysfonctionnementer am Srel, et gouf keng politesch Kontroll a wéineg Interessi, an et gouf e schwaache gesetzleche Kader. An och de Premier hat do seng Responsabilitéit. Eleng an dësem Aspekt huet de Jean-Claude Juncker d'Lag kloer falsch geréiert - oder eben net eescht geholl.

Et ass bis haut e Rätsel, wéi e Geschäftsmann um Héichpunkt vun der Bommeleeërenquête ka behaapten, de Jean-Claude Juncker an de Grand-Duc Henri wieren illegal opgeholl ginn, an hien hätt eng Kopie vum Gespréich.

An da probéiert de Srel drunzekommen, et gi legitim Ecoutte geschalt, an no dräi Deeg Ecoute gëtt nees ofgeschalt, an dat war et dann. Ech mengen haut nach, wann een dem Loris Mariotto senger Motivatioun deemools direkt mat den néidege Mëttelen nogaange wier, hätt dat vläicht och an der Bommeleeërenquête kënne weiderhëllefen.

D'Srel-Affär war eng Staatsaffär, an et dierf een ee Riichtersproch iwwer d'Applikatioun vun engem gesetzleche Passage net mat der ganzer Dimensioun vun der Affär gläichstellen.