Den Ament kënne souwuel strofmündeg wéi och schutzbedierfteg Jonker an der Unité de Sécurité zu Dräibuer ënnerkommen. Deemno wier et kee Prisong, mee och keen therapeuteschen Zentrum, mengt den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit.
Trennung vu Jugendstrofrecht an d'Jugendschutzrecht
D'UNISEC géif awer ausgesinn a funktionéiere wéi e Prisong. Dëse Problem wier der Ëffentlechkeet an de Jugendleche schwéier ze vermëttele, bedauert hien.
Der aktueller Gesetzeslag no kënne Mineuren aus ganz ënnerschiddleche Grënn an der UNISEC opgeholl ginn, also och fir Fäll, wou et soss keng Alternative ginn.
Mat der Reform am Beräich vun de Kannerrechter soll sech dat änneren. D'Jugendstrofrecht an d'Jugendschutzrecht solle getrennt ginn.
D'UNISEC als centre pénitentiaire definéieren
An deem Kader soll d'UNISEC zu Dräibuer net nëmmen ausgebaut ginn, mee och kloer als ee centre pénitentiaire definéiert ginn, erkläert den Gilles Dhamen, éischte Conseiller am Educatiounsministère.
"Datt et ee méi kloren Optrag gëtt am Jugendstrofrecht an och deementspriechend méi definéiert Méiglechkeete gëtt fir op jugendlech Opfälleg a jugendlech Stroffälleger ze reagéieren."
De centre pénitentiaire pour mineurs, dat wat den Ament nach d'UNISEC, ass wier eng Äntwert dorobber, fënnt de Gilles Dhamen.
Fräiheetsentzuch als allerlescht Mesure
Trotzdeem soll bei Mineuren de Fräiheetsentzuch déi allerlescht Mesure sinn, mengt den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher Charel Schmit. Fir d'éischt sollen all aner Alternative probéiert ginn, fir ze verhënneren, datt Jonker an eng zoue Struktur muss kommen. Dofir missten déi oppe sozialpedagogesch Betreiungsstrukture fir Jonker ausgebaut ginn.
"Dat ass een Opruff fir all Acteur am Sozialberäich, fir méi Kreativitéit un den Dag leeën, fir datt mir méi Anschlussprojeten zu Lëtzebuerg selwer hunn."
Nëmmen op déi Manéier kéinte méi individuell pedagogesch Moossname getraff ginn, sou nach den Ombudsman Charel Schmit.