Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michelle David & The Gospel Sessions - Yes I Am

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Unisec ass zënter dem éischten November a Kraaft

Centre socio-éducatif

D'Unisec ass zënter dem éischten November a Kraaft

Véier Jugendlecher sinn aktuell an der zouener Sécherheetsunitéit vum Centre socio-éducatif zu Dräibur. D'Zil ass et, fir ze verhënneren, datt mannerjäreg Veruerteelt am Prisong fir Erwuessener zu Schraasseg agespaart ginn. Et ginn allerdéngs keng fest Critèren, wéini ee Jonken an d'Unisec placéiert ginn.

auto_stories

4 min

D'UNISEC zu Dräibur

Um Site vum Centre socio-éducatif zu Dräibur stinn zënter e puer Joer, hannert engem héijen Drot a Maueren, d'Raimlechkeete vun der zouener Sécherheetsunitéit fir Jonker. Zënter bal zwee Méint ass d'Unité de sécurité, kuerz Unisec, a Kraaft. Maximal 12 Jongen a Meedercher kënnen a véier Wunngruppe mat all kéiers dräi Zëmmeren ënnerkommen. Bei den Zëmmere gëllt Geschlechtertrennung.

Datt d'Unité de sécurité fir Jonker um selwechte Site wéi de Centre socio-éducatif zu Dräibur ass, wier net optimal, seet de Ralph Schroeder, Direkter vun der neier Sécherheetsunitéit a vum Centre socio-éducatif.

Keng fest Critèren

Mä wéini gëtt ee Jonken an d'Unisec placéiert? D'Gesetz iwwert d'Reorganisatioun vum Centre socio-éducatif vum Staat, zu deem och d'Sécherheetsunitéit gehéiert, gesäit an dëser Fro keng fest Critère vir. D'Entscheedung géif beim zoustännege Jugendriichter leien, seet de Ralph Schroeder. Déi Jonk bräichten awer dacks méi een "enke Kader".

Datt d'Gesetz keng Critèren definéiert, wéini ee Jonken an d'Unisec placéiert gëtt, wier problematesch, mengt de Gilbert Pregno, President vun der consultativer Mënscherechtskommissioun. Et wier wichteg, datt dat kloer definéiert géif ginn.

Ee laange Parcours

Déi Mannerjäreg, déi aktuell vum Jugendriichter an d'Unisec placéiert goufen, hätten all Aschnëtter an hirem Liewe gehat, seet d'Joelle Ludewig, Directrice adjointe vun der Unisec. Si hätte sech wéineg op erwuesse Persoune verloosse kënnen, oder op e strukturéierten Alldag baue kënnen. Si hätte wéineg Sécherheet am Liewe gehat. Et géif also virun allem dorëms goen, hinnen deen Halt an déi Strukturen unzebidde.

D'Jugendlech hätten dacks ee laange Parcours hannert sech. Si géifen en héicht Risikoverhalen opweisen, an hätten dacks schonn Infraktioune begaangen.

Déi Jonk, déi an d'Sécherheetsunitéit placéiert goufen, däerfen dës bannent den dräi Méint vum Placement net verloossen. Si kënnen also net, wéi d'Awunner vun den Internater vun Dräibur, de Weekend iwwer heem goen. De Placement ka vum Jugendriichter verlängert ginn, seet de Ralph Schroeder.

E strukturéierten Alldag

Wann ee Jonken dann an d'Unisec placéiert géif ginn, géifen den zoustännege Psycholog an den Assistant social de Kontakt mat den Elteren ophuelen, seet d'Joelle Ludewig. Et géif een d'Elteren informéieren, wat den Alldag vum Jonke wier, an et hätt ee reegelméisseg Kontakt mat den Elteren, fir ze wëssen, wéi et hinne geet.

Den Alldag vun de Jonken an der Sécherheetsunitéit wier ganz strukturéiert. Si hätte wéineg Fräizäit, et wier kloer definéiert, ëm wéi vill Auer datt si mussen opstoen, wéi laang si Zäit hu fir ze duschen, a wéini d'Schoul ufänkt. Nomëttes missten déi Jonk dann Hausaufgabe maachen, seet d'Joelle Ludewig. Owes géif et eng strukturéiert Aktivitéit ginn, zum Beispill eng sportlech Aktivitéit oder eng Diskussiounsronn.

Een héije Personalschlëssel géif sécherstellen, datt déi Jonk ni eleng wieren, seet d'Joelle Ludewig. Si wiere meeschtens vun zwee Erwuessener encadréiert, engersäits en edukativen, anerersäits e Gardien.

Jugendschutz, kee Strofvollzuch

D'Gardiene maachen hir Aarbecht, am Géigesaz zu hiren Homologen zu Schraasseg, net am Kader vu Strofvollzuch, mä vum Jugendschutz, seet de Ralph Schroeder. D'Aarbecht an der Unisec wier dann och eng Erausfuerderung fir d'Gardienen a fir d'Erzéier. Am Alldag géifen d'Erzéier mat deene Jonken am pädagogesche Beräich schaffen. Den Agent de sécurité wier do, fir a Fäll vun Aggressioun kënnen z'intervenéieren.

Fir all Jugendleche géif een individuelle Projet opgesat ginn, deen Ziler um schouleschen, sozialen, familiären a perséinleche Plang festleet. Hei géif dee Jonke mat engem Psycholog, engem Referenz-Erzéier, deen hie sech erausgewielt huet, an engem vun den dräi Enseignanten zesummeschaffen, seet de Ralph Schroeder. Déi Jonk géife schoulesch do ofgeholl ginn, wou si stinn, wa si an d'Sécherheetsunitéit kommen.

Zesummenaarbecht mat der Schoul

Et géif ee ganz enk mat deenen Enseignanten zesummeschaffen, fir datt si no dräi oder sechs Méint nees kéinten zréck an d'Schoul integréiert ginn.

Op d'Fro, ob an der Unisec Schüler aus all de schoulesche Regimmer géifen opgefaange gi, wou si stinn, verweist de Ralph Schroeder op de Centre socio-éducatif. Do wiere momentan relativ wéineg Jonker aus dem Lycée classique.

Et géif ee mam Lycée zesummeschaffen, fir d'Programmer ofzestëmmen. De pedagogesche Projet géif awer iwwert d'Schoul erausgoen an d'Selbstännegkeet grad wéi familiär Relatiounen adresséieren.

Jugendlecher zu Schraasseg

Trotz der neier zouener Sécherheetsunitéit fir Mannerjäreger zu Dräibur besteet weiderhin dem Jugendschutzgesetz no d'Méiglechkeet, datt Jonker an de Prisong fir Erwuessener kéinte placéiert ginn. Dëst wier allerdéngs eng Entscheedung vum Jugendgeriicht, sou de Ralph Schroeder.

Datt dës Méiglechkeet weiderhi géif existéieren, wier onverständlech an net akzeptabel, kritiséiert de Gilbert Pregno vun der consultativer Mënscherechtskommissioun. D'Unisec wier geschaaft ginn, fir dat ze verhënneren.

Ob den Ament Jugendlecher am Prisong zu Schraasseg sinn, war zum Zäitpunkt vun dësem Reportage nach net gewosst. Dem Gilbert Pregno no misst d'Praxis an Zukunft weisen, wéi d'duebel Funktioun vum Ralph Schroeder als Direkter vum Centre socio-éducatif zu Dräibur a vun der Unisec géif funktionéieren.