Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Bill Frisell - Throughout (feat. Alexander Hanson, Brussels Philharmonic, Rudy Royston & Thoma

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Ukrain wëll méi europäesch Sanktioune géint Russland

Ukrain-Parlamentarierin Maria Mezentseva

D'Ukrain wëll méi europäesch Sanktioune géint Russland

D'Ukrain huet all Handel mat Russland gestoppt. Trotz der russescher Invasioun ass et eréischt elo zu engem totale Stopp komm. Kiew seet dat des Mesure als Beispill gëlle soll fir aner Länner an Europa. D'Regierung wëll jo och en Europa-wäiten Importstopp fir russesch Energie. Dat fuerdert och d'Maria Mezentseva, Member vum ukrainesche Parlament. Si presidéiert och d'Delegatioun vum ukrainesche Parlament an der Assemblée vum Europarot.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Si setzt sech zu Bréissel a fir d'Mënscherechter an huet zum Beispill virun e puer Wochen als éischt héichrangeg Politikerin iwwer presuméiert sexuell Gewalt vu russeschen Zaldote geschwat: D'Maria Mezentseva huet d'Realitéit vun dësem Krich um Terrain gesinn a well dëse Krich gewannen, wéi all aner Mënsch an der Ukrain och.

D'Land ass selbstbewosst, datt de mächtege Géigner ka verléieren, mee Hëllef brauch een aus der EU an der NATO. Waffen éischtens, mee zweetens och Sanktiounen. Den Embargo op russesche Gas a Pëtrol léisst op sech waarden, mee d'Resolutioun am europäesche Parlament fir en Import-Stopp gëtt Hoffnung. D'Maria Mezentseva seet: "Dës Woch musse mir d'national Regierungen ënner Drock setze fir en Embargo ëmzesetzen."

Och de President Wolodymr Selenskyj mécht all Owend a senge Rieden den Opruff fir en europäeschen Import-Stopp vu russescher Energie. Dozou seet d'Maria Mezentseva:

"Ech mengen, datt mir elo besser Chancen hunn, wéinst deem wat mir a rezenter Zäit hei gesinn hunn. Wéinst dem Präis, deen hei bezuelt gëtt, dem Präis vum Liewen. All Centime, deen ausgi gëtt, kënnt hei mat Kugelen a bluddege Rakéiten zeréck."

"Kramatorsk deet ganz déif wéi, well do geet et ëm Zivilisten a Kanner"

All Woch sëtzt d'Maria Mezentseva am ukrainesche Parlament zu Kiew. Si huet Familljememberen an der Arméi. A si reest elo fir d'éischte Kéier heem op Kharkiv, déi zweetgréisst Stad vum Land, déi all Dag vun de Russen ugegraff gëtt:

"Wat mir Angscht mécht, ass, datt et méi laang kéint dauere wéi mir eis et erwaarden, dat ass meng eenzeg Angscht. Ech kann net soen, datt ech guer keng Angscht hunn, fir meng Famill, Frënn, eis Déieren, jiddereen. All Noriichten di wéi, och vu Leit, déi mir net kennen. Kramatorsk zum Beispill deet ganz déif wéi, well do geet et ëm Zivilisten a Kanner."

Kharkiv ass nach vun der ukrainescher Arméi kontrolléiert, mee et gëtt erwaart, datt nei russesch Ugrëffer ganz geschwënn komme kënnen, en Deel vun enger neier russescher Offensiv am Osten an engem neie Kapitel an dësem Krich.