Et war esou friddlech nach virun engem Joer. Op d'mannst zu Kiew, wou déi mannst Leit un esou eng grouss Invasioun vu Russland gegleeft hunn. Mee och déi, déi soten de Wladimir Putin géif just provozéiere mat sengen Dausenden Truppen déi aner Säit vun der Grenz, och vill hunn hinnen haten eng Wallis prett fir ze flüchten. Am Endeffekt ass alles nach vill méi schlëmm komm, wéi ee sech dat konnt virstellen. Just mat enger Kapitulatioun vum President Selenskyj senger Regierung an der ukrainescher Arméi wier et anescht komm. Mee dat war keng Optioun fir e stolzt Land, dat vu Russland ewech a Richtung Europa kuckt.
Elo wësse mir, wéi houfreg dëst Land ass, wéi staark si sinn, d'Ukrainer, a wéi vill hir Zaldote besser sinn, wéi all Expert dat virun der Invasioun analyséiert hat. No engem Joer kenne mir d'Ukrain vill besser, mir kennen hir Charakteristiken an och d'Nimm vun hire Stied. Déi, déi ouni Angscht op d'Stroosse gaange sinn am Fall vu Kherson, déi déi esou laang wéi méiglech dem Géigner getrotzt hunn an elo bal net méi existéieren. Dat war Mariupol. An Irpin, Bucha, a Borodyanka, Viruerter vu Kiew, déi mir ni kenneléiere sollten, mee elo an eise Käpp stiechen an eis krank maache mat de schreckleche Biller, déi d'russesch Zaldoten hannerlooss hunn. Aner Stied wéi Bakhmut huet et bal kee Wäert iwwerhaapt kennenzeléieren, well si verschwannen am méintelaange Kampf fir d'Kontroll iwwer déi puer Stroossen an Haiser.
D'Ukrain wëllt dat Onméiglecht packen
Esou war et awer schonn zanter 2014. Et war net friddlech an der Ukrain. Et war Krich am Osten, e Krich, deen nom Ufank gréisstendeels vun eis am Ausland ignoréiert gouf. Elo geet et ëm d'Iwwerliewen, och fir eis als Europäer a Leit, déi hir Fräiheet ze schätze wëssen. De Krich tëschent Ost a West, tëschent Diktatur an Demokratie, dee Krich, deen am Kale Krich ni koum, deen ass elo zanter engem Joer virun eiser Hausdier. D'ukrainesch Regierung seet et ëmmer nees, si kämpfe fir sech, mee och fir Europa.
An an dësem zweeten an hoffentlech leschte Joer vun dësem brutale Krich wëllt d'Ukrain dat Onméiglecht packen. Géint d'russesch Arméi gewannen. Mee dëst Land huet jo scho gewisen, datt et méiglech ass d'ganz Welt mat sengem Courage ze iwwerraschen.
Hoffentlech ass haut e méi rouegen Dag wéi virun engem Joer.