Als Grond fir um Dënschde Mëtten net bei der Presentatioun vun de Resultater dobäi ze sinn, nennt d'UEL, bei dëser Etüd net mat agebonne gewiescht ze sinn.
De Minister hätt donieft refuséiert, dem Patronatsverband déi fäerdeg Etüd am Virfeld vun der Presentatioun ze schécken, kritiséiert den UEL-President Michel Reckinger.
"An do hu mir gesot, ok, dann ass et jo just eis virféieren, annerhallef Stonn virun enger Pressekonferenz, fir duerno kënnen ze soen, ech hunn d'Sozialpartner informéiert."
De Michel Reckinger schwätzt vun engem "Pseudo-Dialog". Hie widderhëlt, datt d'Patronat grouss Zweiwel un der Machbarkeet vun enger Aarbechtszäitreduktioun huet.
Michel Reckinger: eng "politesch Etüd"
D'Etüd iwwer d'Aarbechtszäitverkierzung wier eng "politesch Etüd" am Kontext vun de Chamberwalen, seet d'UEL. D'Thema stéing net am Koalitiounsaccord an de Georges Engel hätt sech selwer ausgeduecht, dës Etüd maachen ze loossen, fir sech a fir seng Partei. De Minister wéilt domat eppes fir säi Walkampf eraus schloen, esou d'Kritik vum Michel Reckinger.
"Hien huet jo och nach ëffentlech gesot, datt den éischten, deen d'Etüd virgestallt krut, ass d'Fraktioun vun der LSAP. Duerno huet hie se mat an de Regierungsrot geholl. An duerno geet hien zréck bei de LISER a seet hei dir misst nach Saachen änneren."
Dat wier dem Michel Reckinger no d'Argument vum Georges Engel gewiescht fir ze soen, der UEL d'Etüd net direkt virzestellen. Dëst géing bis an den Himmel "sténken", esou de Michel Reckinger.
Zefridde weist de Michel Reckinger sech awer doriwwer, datt de Premier Xavier Bettel sech scho géint eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit ausgeschwat huet.
"D'Parteie misste sech elo bei deem heiten Thema positionéieren. A mir sinn natierlech frou, datt hien an deem heite Punkt déi selwecht Meenung huet wéi mir."
D'Presentatioun vun der Etüd zur Aarbechtszäitverkierzung ass en Dënschden an der Mëttesstonn.