Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Tripartite: Upassungen um Steierbarème a Steierkreditter decidéiert

Sozialdialog

D'Tripartite: Upassungen um Steierbarème a Steierkreditter decidéiert

Am Accord deen elo fonnt gouf sollen d'Bierger dëst Joer e Steierkreditt kréien. Fir d'nächst Joer gëtt de Steierbarème ëm 6,37 Prozent ugepasst, dat entsprécht 2,5 Indextranchen.

auto_stories

1 min

Foto: SIP/Jean-Christophe Verhaegen

D'Mesuren aus der leschter Tripartite, wéi d'Energie-Bäihëllefe gi bis d'Joer 2024 inclus viru gefouert. D'Baisse op der TVA gëtt Enn 2023 auslafe gelooss.

Den Index soll am Joer 2024 nees normal viru lafen, ouni Modulatioun oder Manipulatioun.

De Montant vum "bëllegen Acte" klëmmt vun 20.000 op 30.000 Euro (just fir d'Proprietäre vun engem neien Eegenheem, net fir Investisseuren).

De Plafong fir d'Ofsetze vu Scholdzënse klëmmt pro Persoun am Stot vun 2.000 op 3.000 Euro, dëst retroaktiv op den éischte Januar 2023.

Duerch d'Mesuren déi elo annoncéiert goufen, soll d'Inflatioun d'nächst Joer op 2,8 Prozent begrenzt ginn.