Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Superdreckskëscht kritt e Finanzéierungsgesetz

Offallgestioun

D'Superdreckskëscht kritt e Finanzéierungsgesetz

D'SuperDrecksKescht kritt e speziellt Finanzéierungsgesetz. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet gëschter ugekënnegt, si wéilt nodréiglech eng legal Basis fir de staatleche Finanzement vun der privater Offallfirma schafen. Si reagéiert domat op en Avis vum wëssenschaftlechen Déngscht vun der Chamber. Dee war viru Kuerzem zur Conclusioun komm, d'Finanzéierung vun der SuperDrecksKëscht wier am Moment net verfassungskonform.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow

An dofir soll elo séier gehandelt ginn, esou d'Emweltministesch Carole Dieschbourg geschter no enger Réunioun mat den zoustännege Chamberkommissiounen. Si hätt schonn de leschte Freideg en Avant-Projet fir sou ee Gesetz deposéiert, dat d'Regierung och ugeholl huet.

Dee Gesetzesprojet gesäit fir, datt de Kontrakt, den d'Regierung scho viru véier Joer mat der Bedreiwerfirma vun der SuperDrecksKescht ënnerschriwwen hat nodréiglech regulariséiert gëtt. An zwar dee ganze Kontrakt, den nach bis 2028 leeft. D'Oppositioun ass domatt awer net averstanen, sou de Piraten-Deputéierte Sven Clement. D'Regierung wéilt den Deckel op dat Theema drop maachen, ouni nei Froen, déi opgeworf gi sinn, ze beäntwerten.

D'Pirate fuederen datt d'Organisatioun an de Finanzement vun der SuperDrécksKëscht méi grondleeënd iwwerduecht gëtt. Et wier nämlech net kloer, wéi déi privat Offallfirma genee mat den ëffentleche Suen emgeet, déi se fir hir Servicer kritt, esou de Sven Clement. Och d'CSV ass dogéint, datt den aktuelle Kontrakt mat der SuperDrécksKëscht bis 2028 viruleeft. D'Députéiert Diane Adehm fuedert datt nei verhandelt gëtt an datt eng nei Ausschreiwung gemaach gëtt. "An datt déi Ausschreiwung dann esou gemaach gëtt, datt d'Kandidaten sech net nëmme wärend engem Mount kenne melle, mee mei laang."

D'Emweltministesch Carole Dieschbourg ass awer aus zwee Grenn net bereet op déi Fuederungen anzegoen: Eischtens, bräicht een e puer Joer Zäit, wann een d'Offallgestioun komplett wéilt reforméieren. An zweetens, hätt de Staat sech schon engagéiert. Et kéint also rechtlech ugefecht ginn, wann de Staat seng Responsabilitéit géigeniwwer vun engem Contractant net géif iwwerhuelen.

E neie Kontrakt wellt d'Emweltministesch virun 2028 dofier net agoen.