Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat sinn d'Suitte vum Erdogan senger Walvictoire?

Walen an der Tierkei

Wat sinn d'Suitte vum Erdogan senger Walvictoire?

D'Oppositioun a Walobservateure kritiséieren, datt d'Walen onfair gewiescht wieren. Ënner anerem well d'Regierung ee groussen Deel vun de Medien an der Tierkei kontrolléiert. Siwen Oppositiouns-Sender mussen elo mat negative Suitte rechnen. Géint si goufen Enquêten ageleet. Dat wéinst regimmkriteschen Aussoen.

auto_stories

2 min

Et war een haarde Walkampf an der Tierkei. (Foto: Picture Alliance)

Lauschterenplay_arrow


No de Wale klëmmt den Drock vun der NATO op den Erdoğan. Politiker aus de NATO Memberlänner hunn den tierkesche President op e Neits opgefuerdert, de Veto fir de Bäitrëtt vu Schweden an d'NATO opzehiewen.

Wéi et heescht wieren och scho Gespréicher tëscht der Tierkei a Schweden geplangt. Wéini déi wieren ass awer net gewosst. Am Juli ass de nächsten NATO-Sommet.

Wat geschitt mat de Bäitrëttsverhandlungen an d'EU?

Iwwerdeems ass d'Tierkei zanter 1999 EU-Bäitrëtts Kandidat. 2005 hunn Bäitrëttsverhandlungen ugefaangen. Zanter fënnef Joer leien déi awer op Äis.

Ëmmer méi Politiker fuerderen elo nom Erdoğan senger Victoire, de Bäitrëttsprozess ze stoppen. D'EU-Kommissiouns-Presidentin Ursula von der Leyen betount nom Walresultat, datt et vu strategescher Bedeitung wier, souwuel fir d'EU, wéi och fir Tierkei, d'Bezéiunge virun ze dreiwen.

Haaptvermëttler am Krich

Fir de russesche President Wladimir Putin hätt dat Walresultat d'Dieren opgemaach fir d'Bezéiung zu der Tierkei ze verstäerken, heescht et vun der franséischer Presse Agence. Den Erdoğan weigert sech, sech un de Sanktioune géint Moskau ze bedeelegen.

Dofir gëllt de rëm-gewielte President awer als Haaptvermëttler am russesche Krich an der Ukrain.