Radioen

On air

Notturno  |  Sensu - Subsol (Schlofzëmmerbléck)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Suerg virum däitsche Corona-Wanter

Däitschland

D'Suerg virum däitsche Corona-Wanter

An Däitschland klammen d'Corona-Infektiounszuelen nees. An de leschten Deeg hu sech an der Moyenne méi wéi 10.000 Leit den Dag mam Virus infizéiert. Trotzdeem mécht de Gesondheetsminister Jens Spahn sech dofir staark, déi epideemesch Noutlag am Land net ze verlängeren. Doduerch kéint nees Chaos bei de Moossnamen entstoen.

auto_stories

2 min

13.500: Souvill Leit hu sech an der Moyenne iwwer déi lescht Woch all Dag mam Coronavirus an Däitschland infizéiert. Eng Zuel, déi zimmlech genau sou héich ass wéi virun engem Joer - wéi Däitschland just nach e puer Woche vun engem Wanter-Shutdown ewech war. Just zur Erënnerung: Dee Shutdown, mat zouene Restauranten, Kinoen a Fitnesszenteren, huet um Enn bal en halleft Joer gedauert. Trotz deem Ustig bei den Infektiounszuele gesäit de Gesondheetsminister Jens Spahn Luucht um Enn vum Tunnel.

E méigleche Mossnamechaos steet eventuell bevir

Am August hat den däitsche Bundestag den Ausnamezoustand ëm weider dräi Méint verlängert. Sollt d'Parlament keng Erneierung vun deem Mandat beschléissen, leeft dës epidemesch Noutlag Enn vum Mount aus.

Wat géif dat bedeiten? Am Prinzip gëtt den Ausnamezoustand der Bundes-, mee och de Lännerregierungen d'Kompetenz, wäitreechend Mesuren ze beschléissen. Doduerch sollt méi Eenheetlechkeet bei de Corona-Reegelungen erreecht ginn. Fält dëst ewech, kéint et also nees e Moossnamechaos an Däitschland ginn - mat ganz verschiddene Mesuren an de 16 Bundeslänner.

Do virdru warnen ënnert anerem déi Gréng, déi jo mat grousser Warscheinlechkeet der nächster däitscher Regierung wäerten ugehéieren. Si fuerderen eng Iwwergangsreegelung, déi weiderhi bundeswäit gülteg ass. Sou kéint ee garantéieren, datt verschidde Moossnamen, wéi d'3G-Regelungen oder d'Maskeflicht, weiderhi géife bestoe bleiwen - an zwar iwwerall.

Weider eng grouss Erausfuerderung

Datt d'Situatioun eng aner ass wéi am leschten Hierscht, ass natierlech evident. An Däitschland si mëttlerweil véier vu fënnef Erwuessener geimpft. Mee: Déi lescht 20 Prozent maachen eben nach ëmmer ronn 14 Millioune Leit aus.

Well ebe bei der Impfquot nach Loft no uewen ass, ass iwwert de Weekend och en däitsche Futtballprofi an d'Kritik geroden. Den Nationalspiller Joshua Kimmich hat an engem Interview zouginn, hie wier nach net geimpft - a war dofir schaarf attackéiert ginn. Besonnesch am Fokus: Seng Virbildfunktioun. Eleng dowéinst hätt hie sech scho sollten impfe loossen, sot säi Chef, de Präsident vum FC Bayern München.

Virun engem Wanter, deen a Saache Corona nach eng ganz Rei Risike mat sech bréngt, ass Däitschland also nees matten an de Corona-Diskussiounen dran. Nach sinn d'Zuele vun den Hospitalisatioune geréng, genau wéi déi vun den Doudesaffer. D'Erausfuerderung ass, datt dat och sou bléift.