Coronavirus D'Stierwen a Pandemie-Zäiten
An der Coronakris schaffen d'pompes funèbres un der éischter Front. Zwar wier et zu Lëtzebuerg ni zu den dramateschen Zoustänn komm wéi beispillsweis an Italien, seet de President vun der Federation des Pompes funèbres Thierry Graul. Mee och säi Beruff wier all Dag engem reelle Risiko ausgesat.
De Bäitrag vum Isabel Scott lauschteren
Den Thierry Graul huet e spezielle Lien zum Doud. Hie féiert an der fënnefter Generatioun e Betrib vu Pompes Funèbres, engem Traditiounshaus dat mëttlerweil iwwer 100 Joer al ass.
D'Symboler vum Doud - de Sarg, d'Doudelued, déi déi meescht Léit séier aus hirem Bléckfeld verdrängen, si bei him zënter senger Kandheet e feste Bestanddeel:
"Wa mäi Grousspapp an d'Stad gefuer ass, huet hie mech matgeholl mam Corbillard an (beim Lycée) rausgelooss. Dat war da ganz pittoresk fir all déi aner. (...) Et si Leit déi soten: wéi kann s du a sou engem Auto matfueren. Fir mech war dat een Auto wéi en aneren!"
Adaptatioun vum Protokoll
E Betrib vu Pompes funèbres an Zäite vun enger Pandemie kléngt no engem aussergewéinlechen Zenario.
![]()
Den Thierry Graul insistéiert awer net, datt säi Metier grad ënner exzeptionelle Konditioune muss schaffen. D'Stierwe géing wärend enger Pandemie weidergoen, quitte datt de Protokoll huet missen adaptéiert ginn: Schutzkleedung an Desinfizéiermettel, den administrativen Opwand deen aus der Urgence gekierzt gëtt, den Delai vum Begriefnis gëtt vu 7 op 3 Deeg gekierzt.
Säi Beruff wier engem besonnesche Risiko ausgesat, seet den Thierry Graul. D'Fédération des pompes funèbres, déi hie presidéiert, krut viru kuerzem vun der Santé hir Demande fir eng Prioritéit bei der Impfstrategie refuséiert. D'Angscht, sech beim Kontakt mat engem Covid-Doudegen unzestieche wier reell. Et kéint een als Bestatter net soen et wier Pandemiezäit, et wéilt een se net upaken. Och nieft der Corbillard een Tyvexkostüm unzedoe géif net super ausgesinn.
Ugangs vun der Pandemie si Gemeinsamkeete mat der Aids-Epidemie aus den 1980er opkomm. Et hätt een e gewësst Mësstrauen, eng Aart Tabu, gespuert géigeniwwer deenen, déi sech mam Virus ugestach hunn. D'Leit hätten sech net getraut, fir et ze soen:
"Dann huet ee gefrot "Covid positiv getest: jo oder nee?" (...) Si hu sech einfach bësse genéiert. Dat huet ons d'Liewen net méi liicht gemaach. Well da sote se Nee, a wann mer dann am Spidol waren, da war et dach!"
D'Trauerritualer hu gelidden
Den Thierry Graul gouf och beim éischte Corona-Doudesfall baussent engem Spidol oder Altersheem geruff. Den Zenario war aussergewéinlech, fir déi betraffe Persoun, fir hie selwer, a fir d'Autoritéiten:
"Et war nuets. Ech hunn d'Santé dunn piipse gelooss: mir hunn een doheem. (...) Si waren och net drop virbereed. "Wéi doheem? Dat ka net sinn". Ech sot dach."
Et war och déi éischte Kéier, wou si e Begriefnis mat FaceTime gefilmt hunn.
![]()
D'Trauerritualer hätte staark ënner de Coronarestriktioune gelidden. Grad am Ufank, wou praktesch all d'Bräich ronderëm d'Begriefnis op de strikte Minimum reduzéiert goufen.
Fir verschidde reliéise Gemeinschaften ass et zum Beispill net erlaabt, de Leichnam ze wäschen an anzewéckelen. Och speziell Demande fir Kleedung kennen net erfëllt ginn, wann d'Persoun "un oder mat Covid" gestuerwen ass - fir all vermeidbare Kontakt mam Doudegen ze evitéieren. Nieft deenen, déi dem Coronavirus zum Affer falen, sinn et dës Restriktiounen, déi den Deuil fir déi Zeréckgeloossen net richteg erméiglechen, déi den Thierry Graul fir besonnesch tragesch hält.
