Verschidde Belaaschtungsgrenze vun eisem Planéit sinn nämlech elo scho wäit iwwerschratt. Dat weist d'Konzept vum Stockholm Resilience Centre iwwer d'Grenze vum Planéit aus dem Joer 2009. Wann esou eng Grenz iwwerschratt ass, dann ass den Nährstoffkreeslaf aus Stéckstoff a Phosphor. Dëse Kreeslaf gouf duerch industriell a landwirtschaftlech Prozesser staark verännert an aus senger natierlecher Balance bruecht. Den Haaptgrond ass d'Hierstellen an de Gebrauch vu cheemeschen Düngemëttel.
Groussen Duerchbroch
72 Prozent vun eiser Loft bestinn aus Stéckstoff an all Liewewiese brauch dëse fir ze iwwerliewen. Et war laang net esou liicht u Stéckstoff ze kommen. Leit, déi an der Landwirtschaft geschafft hunn, hunn d'Mëscht vun hirem Véi op d'Felder bruecht a si hu Planze wéi Kléi ugeplanzt, dee Stéckstoff am Buedem fixéiere kann. Dat ass och elo nach esou. De Bedarf huet d'Nofro dacks net kënnen decken.
Am Ufank vum 20. Joerhonnert war et esou wäit. De groussen Duerchbroch. Zwee däitsche Cheemiker, de Fritz Haber an de Carl Bosch, ass et gelonge Stéckstoff aus der Loft an eng cheemesch Form ëmzewandelen, déi als Material fir Dünger genotzt konnt ginn. Dat selwecht gëllt fir de Sprengstoff, mee dat ass eng aner Geschicht. Et gëtt geschat, datt haut d'Hallschent vun der ganzer Äerdbevëlkerung mat Konschtdünger ernäert gëtt, deen nom Prinzip vum Haber a Bosch funktionéiert.
Natur gëtt ze vill vernoléissegt
Leider ass de Problem, datt hautdesdaags ze vill cheemesch syntheeteschen Dünger kënschtlech hiergestallt gëtt. Déi Iwwerdosis u Stéckstoff bleift bei Wäitem net um Feld. En ass liicht léislech a verbreet sech iwwer d'Loft an d'Waasser an huet negativ Auswierkungen op den Ekosystem am Waasser an u Land. Dat kann dann och negative Folgen op de Klimawandel hunn.
Bakteerien, déi am organeschen Dünger vill ze schaffen hunn, gi beim cheemesch syntheeteschen Dünger aarbechtslos. Aner Organismen am Buedem leiden ënner dem direkten Afloss vun dëser Chimie. Amplaz d'Planz mat Stéckstoff ze ernären, kéint een och de System, an deem d'Planz lieft, mat Kuelestoff ernären. Och dësen ass een essentiele Bestanddeel vun all Liewensform. Wann et ëm Léisunge fir eng Chimie-fräi Landwirtschaft geet, gëtt Kuelestoff mat sengem Zyklus an der Natur awer nach ze vill vernoléissegt.
Ee gesonde Buedem-Ekosystem
Kuelestoff bilt d'Basis fir e fruchtbare Buedem. En ernäert Bakteerien, Champignonen a Mikro- a Makroorganismen. En ass souzesoen de Motto vun engem komplexen Nahrungsnetz am Buedem. Eis Kulturplanze sinn och Deel vun dësem Netz a profitéieren vun engem gesonde Buedem-Ekosystem. An deem een de Buedem iwwer dat ganzt Joer bedeckt léisst an en doduerch gutt duerchwuerzelt ka ginn, net plout a Beem oder Sträicher mat Akerkulturen an eventuell Déiere kombinéiert, kann de Buedem opgebaut ginn a méi Waasser späicheren.
Zwee wichtegen Ziler kéint mat dëser Strategie nogaange ginn: Klimaschutz a Sécherung vun der Ernärung.