arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Stad Lëtzebuerg sicht weider no enger Plaz fir eng oppe Schwämm

Standuertsich

|
reading time

1 min

D'Stad Lëtzebuerg sicht weider no enger Plaz fir eng oppe Schwämm

D'Stad Lëtzebuerg sicht weider no engem Standuert fir eng kommunal oppe Schwämm. Dat wéinst Gestiounsfroe beim Projet fir eng oppe Schwämm bei den Hôtel vum Promoteur Marc Giorgetti op d'Cloche-d'or ze setzen, esou d'Sportschäffin vun der Stad Lëtzebuerg, d'Simone Beissel.

reading time

1 min

Et wier effektiv Kontakter mam Marc Giorgetti ginn, "well dee plangt jo e groussen Hotel ze bauen zur Säit vun der Cloche-d'or an dee Moment ass op jiddwer Fall dovu rieds gaangen, datt soll eng ëffentlech Piscine dobäi kommen", seet d'Simone Beissel.


play_arrow D'Simone Beissel

Et hätt awer verschidde Schwieregkeete ginn (och an der Gestioun) wéinst deenen d'Gemeng Lëtzebuerg decidéiert huet virun no engem Terrain ze sichen, "déi total an Eegeregie vun der Gemeng géif lafen", esou d'Simone Beissel.

"Dat heescht e puer Becken plus dann nach Wiss ronderëm, plus dann nach Accès a Parking an esou weider, dat heescht, dat wier e groussen Areal a mir sinn amgaang ze sichen."