Bis d'lescht Joer konnt all Mënsch sech op egal wei enger Adress an der Stad Lëtzebuerg umellen an dat ouni iergendee legaalt Dokument musse virzeleeën. Dat hätt dozou gefouert datt eng ganz Partie Leit sech an der Stad op Adressen ugemellt hu wou si guer net wunnen, seet d'Stater Buergermeeschter.
"Et ass ganz oft datt se iwwerhaapt net hei wunnen. Mee datt se sech hei wëllen umelle fir an de Genoss vu verschiddenen Avantagen ze kommen", sou d'Lydie Polfer.
D'Stad Lëtzebuerg huet d'Reegelen d'lescht Joer verschäerft
An der Stad ugemellt si bedeit zum Beispill, datt d'Kanner do an d'Schoul kënne goen an d'Leit och Urecht op Sozialhëllefen hunn. Eleng d'lescht Joer hätt de Biergerzenter 2.464 Leit aus dem Populatiounsregëster gestrach. Fir d'Leit déi sech fiktiv op enger Adress ugemellt hunn kennen ofzemellen, muss d'Police op d'Plaz goe fir ze kucken op d'Leit och wierklech net do wunnen. Zwar wieren net all Fäll Abuse gewiescht, mee awer vill betount d'Lydie Polfer, déi keng genee Zuel konnt nennen. Eréischt zënter leschtem Joer hätt d'Stad Lëtzebuerg hier Reegele verschäerft.
Méi Kontroll virgesinn
Zanterhier bräicht een zum Beispill e contrat de bail an e Proprietär misst noweisen, datt him e Logement gehéiert. Donieft géif een dem Proprietär vun engem Immeuble erlabe fir nozefroen, wien am Gebai ugemellt ass.
"Dat war bis ewell méi schwéier. Et ass gesot ginn et kennt ee kengem Tiers déi Nooriichte ginn. Hors mir hunn elo ausgemaach, datt mir de Proprietär net méi als Tiers consideréieren."
Dat géif a verschiddene Gemenge souwisou scho sou gehandhaabt ginn, gëtt d'Lyddie Polfer zou. D'Problematik wier der Stad eréischt d'lescht Joer opgefall wéi méi Bierger dorop opmierksam gemaach hätten.