Radioen

On air

Notturno  |  Sean Nicholas Savage - Propaganda

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Couvre-feu gëtt ofgeschaft an aner Lockerungen

Lockerungen

Couvre-feu gëtt ofgeschaft an aner Lockerungen

D'Situatioun wier am Moment ënner Kontroll, sou de Premier Xavier Bettel de Mëtteg um Briefing nom Regierungsrot. All d'Parametere géifen an déi richteg Richtung weisen. De Premier nennt d'Analyse vun de Kläranlagen, den Taux de positivité, dee konstant géif erofgoen an och d'Situatioun an de Spideeler.

auto_stories

3 min

Esou géife momentan just nach Situatioun an de Spideeler 16 Patienten am Spidol leien, dovu 5 Persounen op der Intensivstatioun.

D'7-Deeg-Inzidenz wier vun 203 op 70 Enn Mee erofgaangen, sou nach de Premier. D'Impfung géif, dem Xavier Bettel no fonctionéieren, ronn 375.000 Persounen hätte bis elo wéinstens eng Impfdosis kritt, sou de Premier. 124.000 Zweetdosisse wiere bis elo verimpft ginn. 37,2 Prozent vun de Residenten iwwer 18 hätte bis elo wéinstens eng Dos kritt. Haut solle fir déi éischte Kéier méi wéi 8.000 Leit geimpft ginn, sou de Xavier Bettel. Bis Ufank Juli 310.000 Leit geimpft ginn.

Couvre-feu gëtt ofgeschaft, Erliichterungen am Horecasecteur

De Couvre-Feu soll vum 13. Juni un net méi gëllen, sou de Premier. Am Horeca soll vum 13. Juni un och keng Spärstonn méi gëllen.

Am Horeca huet de Restaurateur zwou Optiounen: Dëscher vu maximal 4 Persounen a sengem Etablissement virgesinn oder op de System vum Covid-Check wiesselen. Deen Check besteet aus engem Certificat mat engem QR-Code. Ass ee geimpft, getest oder gesond, soll een zu 4 op engem Dësch dierfe sëtzen.

Am Privaten: Et dierf een nees maximal 10 Leit bei sech heem invitéieren

"D'10 gëtt déi nei 4", sou nach de Xavier Bettel. Dat heescht, datt ee vum 12. Juni un dierf maximal 10 Leit bei sech doheem invitéieren.

Nei Reegele fir Rassemblementer

Bei Rassemblementer tëscht 10 a 50 Leit muss ee weider d'Mask unhalen an zwee Meter Distanz halen, ausser et huet een de Covid-Check-Certifikat.

Bei Rassemblementer vun 51 bis 300 Persoune mussen d'Leit sëtzen, hir Mask unhunn an 2 Meter Distanz zueneen anhalen. Mam Covid-Check-Certifikat muss ee sech net dorun halen.

Commerce: Bestoend Limitt gëtt ofgeschaft

An de Geschäfter muss een d'Mask unhalen, mee d'Limitt vun engem Client pro 10 Metercarré gëtt ofgeschaaft, esou de Premier. Iesse bannen an de Geschäfter gëtt nees ënner Konditiounen erlaabt.

Gratis Tester fir déi, déi nach net konnte geimpft ginn

Jonker tëscht 6 an 30 Joer, déi nach net konnte geimpft ginn, wäerten e Voucher kréie fir e gratis PCR-Test, annoncéiert de Premier.

AstraZeneca kierzt nees d'Liwwerungen un EU-Staaten

Den Impfstoff vun AstraZeneca bleift weider rar, de Pharmakonzern hätt d'Unzuel un Impfdosissen, déi an der nächster Liwwerung sollen ukommen nees gekierzt, sou de Premier.

Weider Impfstoffliwwerungen, déi virgesi sinn:

  • 132.210 Dosisse vu Biontech/Pfizer (bis Enn Juni)
  • 30.200 Dosisse vun der Firma AstraZeneca (bis 20. Juni)
  • 36.000 vu Moderna (bis Mëtt Juli)

4.500 Leit sti momentan nach op der AstraZeneca-Lëscht a sollen an den nächste Woche per Post e Rendez-Vous proposéiert kréien, sou de Premier.

Bettel: "Keng Impfpflicht"

D'Leit kréien nees méi Fräiheeten, mee och nees méi Responsabilitéiten, resuméiert de Xavier Bettel d'Mesuren. De Message wier wichteg, datt et keng Impfpflicht gëtt. D'Bierger kéinten hir Fräiheeten och zréckkréie, wa se sech vu Covid erholl hunn, oder sech teste loossen. Mee mat der Impfung wier et sécherlech am Einfachste fir nees en normalt Liewen zréckzekréien.

Lenert: "Frou, déi Matdeelungen ze maachen"

Dat Ganzt steet a fällt domat, datt d'Leit matmaachen, an déi puer Obligatiounen, déi se hunn, och respektéieren", esou den Appel vun der Gesondheetsministerin Paulette Lenert. Datt een d'Restriktiounen zu engem gudden Deel kann ophiewen, hätt vill mam neie Covid-Check ze dinn. Deen Zertifikat dokumentéiert, ob ee sech vu Covid erholl huet, negativ getest gouf oder geimpft ass.