Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Den ukrainesch ëffentlech-rechtleche Radio am Krich

Ukrain

Den ukrainesch ëffentlech-rechtleche Radio am Krich

Grad a Krichszäiten kann den Zougang zu Informatiounen iwwerliewenswichteg sinn. Mee wéi schaffen ukrainesch Journalisten an dësen Zäiten, a wat fir een Impakt huet de Krich op hire Beruffsalldag? Doriwwer hu mir mam Serhiy Stukanov geschwat. Hien ass Journalist um ëffentlech-rechtleche Radio Ukrain, genannt Suspilne.

auto_stories

3 min

De Serhiy Stukanov hat virun der russescher Invasioun an d'Ukrain eng eege Sendung um Radio Suspilne. All Sonndeg hätte si mat engem Invité déi politesch Evenementer vun der Woch beschwat an analyséiert. Domat ass zanter dem 24. Februar d'lescht Joer Schluss, de reguläre Programm ass op d'Kopp geheit ginn, erkläert de Serhiy Stukanov.

Fokus op der Analyse vum Krich

Déi normal Emissioune gouf et net méi. All d'Radioen hätten op den nationalen Noriichtemarathon eriwwer gewiesselt, eng Sendung déi Dag a Nuecht leeft. Si hätte sech drop fokusséiert, Noriichten an Evenementer am Zesummenhang mam Krich ze analyséieren.

Alles an allem ware fënnef grouss Televisiounschaînen an den ukrainesche Radio, un deem Noriichtemarathon bedeelegt. Gesent gouf awer nëmmen nach wéineg aus den eigentleche Studioen zu Kyiv: Nach éier de Krich lassgaangen ass, gouf e speziellen Zenter ageriicht, mat engem Bunker vir de Fall vun engem Loftalarm, erzielt de Serhiy Stukanov. An den éischte Wochen no der russescher Invasioun wieren immens dacks Bommenalarme gewiescht. So koum et, datt si zäitweis méi oft am Bunker souzen, wéi am eigentleche Studio.

De Serhiy Stukanov huet an dëse Konditiounen, seng Roll als Journalist nach eemol anescht wouergeholl:

"Mir hunn eng gewësse Responsabilitéit gespuert, well mir woussten, datt eis Nolauschterer a ganz ënnerschiddleche Situatioune sinn. Vereenzelter befannen sech op besaten Territoiren oder op Plaze wou de Krich ganz aktiv ass. Et ass wichteg hinne Messagen ze schécken iwwert Evakuatiounen, iwwert Loft-Alarmen, Message vun eisen Autoritéiten eben."

De Radio als eenzeg Source

De séieren Zougang zu Informatioune kann zumools a Krichszäite vun existenzieller Bedeitung sinn. Duerch de Krich gouf awer och vill Kommunikatiounsinfrastruktur zerstéiert. Dat virun allem och an de besaten Territoirë wei Luhansk, Donetzk a Kharkiv. Grad do ass dunn de Radio déi eenzeg Méiglechkeet gi fir sech ze informéieren. Dofir ënnersträicht de Journalist:

"Ech mengen de Radio spillt am Krich eng besonnesch Roll. Well heiansdo ass et déi eenzeg Source fir sech ze informéieren. Du brauchs keen Internet, keen Handy, just ee Radio."

D'Nolauschterer sollen um Radio awer net just mat der Tragik vum Krich befaasst ginn, mee et wier och wichteg, positiv Entwécklungen am Konflikt ze beliichten. De Serhiy Stukanov argumentéiert, datt si mat hirer Aarbecht probéiert hätten optimistesch ze bleiwen an eng Balance ze fannen. Si hätten och vill vum Courage vun der ukrainescher Arméi erzielt an iwwer diplomatesch Victoiren. Si géifen dës Balance och behalen, fir d'Nolauschterer net ze decouragéieren.

De Serhiy Stukanov seet dann och zum Schluss, datt e kenger Persoun wënsche géif, dat ze erliewe wat, d'Ukrainer an dësem leschte Joer erliewe missten. Hien wier awer iwwerzeegt, datt aus dësem Krich wichteg Lektioune kéinte gezu ginn.