Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Sich nom neie MUDAM-Direkter

Musée fir zäitgenëssesch Konscht

D'Sich nom neie MUDAM-Direkter

Et kéint bis Enn 2017 daueren, bis een Nofolger vum Enrico Lunghi fonnt gëtt. Et géif een analyséieren, wéi eng Persoun de MUDAM brauch, seet de Laurent Loschetter vum Verwaltungsrot. De Fonctionnement vum Musée wier de Moment garantéiert.

auto_stories

2 min

Laurent Loschetter

Déi Responsabel vum MUDAM wëlle sech Zäit loossen, fir en Nofolger vum Enrico Lunghi ze fannen. Am Musée geet Rieds dovun, datt et nach bis Enn 2017 kéint daueren.

Éier d'Ausschreiwung fir den Direktesch-Poste vum Musée fir zäitgenëssesch Konscht gemaach gëtt, wéilt ee sech Gedanke maache, wat ee sicht, esou de Laurent Loschetter am 100,7-Interview. Et wéilt een déi richteg Persoun fannen. Dofir géif ee mat den Artisten a mat der Equipe vum Musée schwätzen. "A menger Dramvirstellung soll dee sou eng grouss Personalitéit hunn, datt déi ganz Reimlechkeeten hei dovunner gefëllt ginn."

Selektiouns-Comité

D'Ausschreiwung soll vun engem Selektiouns-Comité gemaach ginn, mat dräi Memberen aus dem MUDAM-Verwaltungsrot an dräi auslännesche Musées-Direkteren. D'Zesummesetzung vun dësem Comité steet nach net fest.

De Fonctionnement vum MUDAM wier de Moment garantéiert. Ëm d'Alldagsgeschäft vum Musée këmmere sech de Moment déi dräi Memberen aus dem MUDAM-Verwaltungsrot Danièle Wagener, Laurent Loschetter a Philippe Dupont. Et géif ee momentan d'Entwécklung vum Organigramme analyséieren an deen iwwerschaffen.

Den Enrico Lunghi hat Enn 2016 als Direkter vum MUDAM demissionéiert, an der Suite vun der sougenannter Affär Lunghi/RTL. "D'Programmatioun vum Enrico Lunghi leeft net aus. Hie war ee vun de Curateuren, déi Expositioune gemaach huet", seet de Laurent Loschetter. D'Equipe vun de Curateure géif vum Clément Minighetti gutt geleet ginn. Momentan géif un der Programmatioun fir 2019 geschafft ginn.